Fir e gutt Encadrement vun de Patienten ze garantéieren siche mir motivéiert an engagéiert Mataarbechter:
Educateur/-rice (m/f/d) an Infirmiers(ères) diplômés(es) (m/f/d) fir eisen FOYER DE JOUR
CDI 20 - 40 Std/W – Dagesschichten vun Méindes bis Freides
fir eisen Foyer de Jour zu Léiweng
Aufgaben - Educateur/-rice (m/f/d):
- D’Patiente wärend hirem Openthalt am Foyer de jour ze encadréieren an hiert Wuelbefannen ze garantéieren
- Biographesch orientéierten Aktivitéiten ubidden an d‘Patienten ënnerstëtzen des auszeféieren
- D‘ Patienten bei hiren deeglechen Aufgaben vum Liewen hëllefen (zBsp Iessen preparéieren an och beim Iessen hëllefen)
- Assuréiere vum Transport vun de Patienten zweschent hirem Doheem an dem Foyer de jour
- Kommunizéieren ob eng kloer an transparent Aart a Weis
Aufgaben - Infirmiers(ères) diplômés(es) (m/f/d):
- Duerchféieren a Sécherstellen vun enger qualitativer Grond- a Behandlungsfleeg (actes INF)
- D’Patiente wärend hirem Openthalt am Foyer de jour ze encadréieren an hiert Wuelbefannen ze garantéieren
- Assuréiere vum Transport vun de Patienten zweschent hirem Doheem an dem Foyer de jour
- Duerchféiere vun enger qualitativer Dokumentatioun a Leeschtungsnowäis
- Duerchféiere vu biographesch orientéierten Aktivitéiten mat den Patienten
- Kommunizéieren ob eng kloer an transparent Aart a Weis
Profil :
- Du schwätz Lëtzebuergesch a Franséisch
- Du hues eng Aarbechtserlabnis (Autorisation d’exercer) als Educateur / Infirmier
- Du hues de Führerschäin B
- Du bass empathesch, flexibel, motivéiert, engagéiert
- Du schaffs autonom an hellst gären Initiativen
- Du schaffs gären an enger pluridisziplinär Equipe
- Du fills dech Wuel am Ëmgang mat eelere Leit an hues e gudde Kontakt zu anere Mënschen
- Erfarung am psychogériatresche Beräich wei och an der Betreiung vun Demenzkranke Mënschen ass vu Virdeel
Mir freeën eis iwwert deng Kandidatur!
En cas d’embauche un extrait de casier judiciaire (bulletin n°3, n°4 et n°5) vous sera demandé aux fins de l’appréciation de votre honorabilité.