Educateur diplômé (M/F/D) - Crèche Iermsdref - CDI - 20-30h (5622)

Croix-Rouge luxembourgeoise
Localité Ermsdorf
Type de poste Durée indéterminée Temps partiel
Catégorie Educateur
5622

Retour

D‘Lëtzebuerger Rout Kräizrekrutéiert :

 

Een Educateur diplômé (M/F/D) – Referenz: 5622

fir seng nei Crèche zu Iermsdref op Basis vun engem CDI mat 20-30 Stonnen/Woch.

 

Hutt Dir Loscht Kanner am Alter vun 3 Méint bis 4 Joer op enger spillerescher a freedeger Aart a Weis ze encadréieren? Dir hutt de Kapp voller Iddien a sidd op der sich no engem néie Challenge?

Eis nei Crèche soll ab Oktober opgoen, an den Posten ass ab Mëtt Oktober ze besetzen.

 

Profil :

  • Dir hutt den Diplom vum „Educateur diplômé“
  • Dir schwätzt Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch – All weider Sprooch ass vu Virdeel
  • Dir hutt berufflech Erfarung am sozio-pedagogesche Beräich, mam Schwéierpunkt ob de Klengkandberäich.
  • Dir sidd flexibel an den Aarbechtszäiten
  • Dir kënnt autonom schaffen
  • Dir sidd kontaktfreedeg an oppe fir mat den internen an externe Partner vun der Crèche ze schaffen
  • Dir hutt PC Kenntnisser a schrëftlech Kompetenzen
  • Dir hutt e Führerschäi B

 

Missiounen :

  • Encadrement vu Kanner vun 3 Méint bis 4 Joer
  • Reegelméisseg Ausflich, Aktivitéiten an Projet’en organiséieren an duerchféieren
  • De Kanner wichtege Grondwëssen op enger spillerescher Aart a Weis vermëttelen
  • D’Kanner zu engem respektvollen a nohaltegen Ëmgang motivéieren
  • Zesummenaarbecht mat den internen an externe Partner vun der Crèche assuréieren (Schoul, Maison Relais, etc.)
  • De Besoin vun de Kanner mat ugepasste Beweegungs- a Naturerliewnisser gerecht ginn

 

Mir bidden Iech :

  • Deel vun engem dynameschen an engagéierte Betrib ze sinn
  • De CCT-SAS Kollektivvertrag, Carrière C4
  • Een ofwiesslungsräichen Aarbechtsberäich
  • Deel vun engem motivéierten Team ze sinn
  • Themespezifesch Formatioune passend zum Aarbechtsberäich
  • Eng Organisatioun wou de Mënsch am Vierdergrond steet

 

Am Fall vun enger Astellung froen mir en Extrait vum Casier judiciaire.

Retour

Ermsdorf
Contact
Service Recrutement
Téléphone +352 2755-2000

Retour

Avez-vous postulé pour cet emploi ?

Educateur diplômé (M/F/D) - Crèche Iermsdref - CDI - 20-30h (5622) chez Croix-Rouge luxembourgeoise

Retour

Zum Seitenanfang springen
Postuler