Autisme Luxembourg asbl sicht:
Fir eis Wunnstruktur zu Boxhorn,:
Educateur (m/w), CDI, Voll- oder Deelzäit
Mir bidden Iech :
-E Gehalt konform zu der gesichter Qualifikatioun an dem lëtzebuergeschem Kollektivvertrag fir de Gesondheets- a Sozialsecteur.
-Eng Aarbecht an engem multidisziplinären Team, wou jiddwereen seng Fachkompetenz matbréngt, fir Léit mat Autismus beschtméiglech ze fërderen an ze begleeden.
-Eng Astellung bei enger Asbl, déi vun hire Mataarbechter eng qualitativ héichwäerteg Aarbecht, e respektvollt Mateneen an eng positiv Liewensastellung erwaart.
-Deel ze si vun enger dynamescher Asbl, der et wichteg ass, sech ëmmer weider ze entwéckelen, fir esou Mënsche mat Autismus, mee awer och den eegene Mataarbechter ëmmer néi Méiglechkeeten op ze maachen.
Interesséiert ? Da wär déi éischt Viraussetzung schonns erfëllt !
Dir hutt déi néideg fachlech Kompetenzen ?
Iech ass eng héichwäerteg Aarbecht, e respektvollt Mateneen an eng positiv Liewensastellung wichteg ?
Dir sidd weltoppen a verantwortungsbewosst ?
Dir wierkt gäre positiv op Är Matmënschen (an dësem Fall: betreite Persounen, Mataarbechter an Direktioun) ?
Dir kënnt Iech méiglechst op lëtzebuergesch, däitsch a franséisch verstännegen ?
Dir hutt bei alle Froe mat Jo geäntwert? Da steet Ärer Kandidatur näischt méi am Wee !
Mir freeën eis, Är Kandidatur bis zum 15. Februar 2025 u follgend Adress ze kréien :
„Autisme Luxembourg asbl, 1 Jos Seyler Strooss, L-8522 Biekerech“ oder iwwert Email un [email protected]
