GERO – Kompetenzzenter fir den Alter asbl beschäftegt sech mat de ville Facettë ronderëm den Alter an d‘Al ginn. Zu senge villfältegen Aufgabe gehéieren Sensibiliséierung an Informatioun fir Senior*innen, Fortbildungscoursë fir Professioneller aus dem Fleegesecteur, grad esou wéi déi wëssenschaftlech Ëmsetzung a Begleedung vu verschiddene Projeten op nationalem an EU-Niveau. Den GERO – Kompetenzzenter fir den Alter asbl sicht fir direkt oder no Ofsprooch
E Formateur/Formatrice (m/w/d) fir säi Fortbildungsinstitut (geroPRO) CDI, 20/40 Stonnen
Är Aufgaben:
- Entwécklung, Organisatioun an d‘Hale vu Formatioune fir déi Professionnel aus dem stationären an ambulante Fleegesecteur an Sensibilisatioun iwwert Thematiken aus der Gerontologie fir de grousse Public
- Konzeptioun an Ausschaffe vu Projeten am Beräich Fortbildung
Är Kompetenzen:
- Flexibilitéit, excellent Organisatioun an Teamgeescht
- Passionéiert*e Formatrice/Formateur
- Excellent Kommunikatioun a Wuert a Schrëft an den dräi Landessproochen (Lu, De, Fr)
- D’Beherrschen vun de gängegen Office-Programmer
Äre Profil:
- Infirmier/Infirmière, Bac+3 an engem Gesondheetsberuff mat Droit d’exercer, oder Educateur/Educatrice gradué*e
- Mindenstens 5 Joer professionnell Erfarung an enger Struktur fir eeler Leit (structure d’hébergement pour personnes âgées, service d’aides et de soins, oder centre de jour)
- Professionnell Erfarung als Formateur/Formatrice
- Wëssen iwwer Demenz / aner Fleege Approchen (Validation, Snoezelen, Basale Stimulation asw.) ass vu Virdeel
- D’Kennen vun der „Formation psycho-gériatrique“ ass vu Virdeel (aus dem Gesetz «qualité des services pour personnes âgées» vun 2023)
- Eegenen Auto an Führerschäin
Är Avantagen:
- Eng interessant a villsäiteg Aarbecht an enger motivéierter Equipe
- D‘Méiglegkeet un innovativen an diversen Projeten matzeschaffen
- Bezuelen nom Kollektivvertrag am soziale Secteur (SAS, C5 / C6)
Wann Dir interesséiert sidd, schéckt Är Demande mat Motivatiounsbréif, Liewenslaf an Diplomer (mat Homologation respektiv dem Droit d’exercer) bis spéitstens den 21. Juli 2024 un:
GERO – Kompetenzzenter fir den Alter asbl
B.P. 32 L-5801 Hesperange
oder per E-mail: [email protected]
Eng éischt Selektioun gëtt op Basis vun den Demandë gemaach.
![](assets/images/3/Gero_logo-8be4e2b9.png)