Dir sollt matbréngen:
Diplôme aide-educateur/trice oder educateur/trice diplômé/ formatioun 118h
Praktesch Erfarung a Freed un der klassescher Natur- a Bëschpedagogik
Weiderbildung als Facherzéier/in Natur- a Bëschpedagogik ass vu Virdeel.
Gutt Kenntnisser a Wuert a Schrëft vun denen dräi Landessproochen.
Verantwortungsbewosstsinn (Grëndlechkeet, Suergfalt an Zouverlässegkeet) a Flexibilitéit
Fäegkeet, jiddwerengem nozelauschteren a mat Frëndlechkeet, Rou a Respekt mat de Kanner (2-4 Joer), den Elteren, de Vertrieder vu Ministèren an Organisatiounen, der Ekipp an der Natur ëmzegoen.
Fäegkeet an d’Fantasiewelten vun de Kanner (2-4 Joer) anzedauchen.
Loscht mat de Kanner (2-4 Joer) an de Bësch ze goen a mat hinnen de Liewensraum „Bësch“ ze erliewen an ëmmer erëm Neies ze entdecken.
Mir proposéieren Iech:
Ee Patron (A.P.A.S.E. a.s.b.l.) dee mat dräi Crèchenhaiser gutt a sécher opgestallt ass.
Ee variéiert an interessant Aarbechtsëmfeld am Liewensraum „Bësch“
Eng Ekipp, déi aus Iwwerzeegung schaffen kennt.