diploméiert Erzéier (w/m/x)

APEMH
Localité Bertrange
Type de poste Durée indéterminée Temps partiel
Catégorie Educateur

Retour

D’APEMH - Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Résidence Bartreng, zwee diploméiert Erzéier (w/m/x) fir 20 Stonnen d‘Woch - op onbestëmmten Zäit, fir direkt oder op Ofsprooch.

Mir bidden Iech d ‘Geleeënheet Deel vun enger engagéierter Ekipp ze sinn, déi am September 2023 den éischten Deel vum Projet gestart huet. Am Juli 2024 geet dësen an déi zweet Phase iwwer an aus dem Grond brauche mir zousätzlech motivéiert Mataarbechter.

 

 

Job description

Am Joer 2021 si mat der “autonomie sécurisée” néi Méiglechkeeten, am Beräich Wunnen fir Mënschen mat intellektueller Beanträchtegung, geschaaffe ginn.

Hei geet et dorëms, Persounen mat intellektueller Beanträchtegung an hirem Appartement, Studio, WG ze begleeden. Hinnen punktuell Hëllefsstellung unzebidden a mat hinnen zesummen Weeër ze sichen, dass Sie hier t ‘Liewen, hier Fräizäit, eegestänneg a sécher gestallten kënnen.

An enger éischter Phase, ass am Joer 2023 en Haus am Zentrum vum Land, méi genau zu Bartreng, opgaangen. Elo gi mer an déi zweet Phase vum Projet iwwer, wou och eeler Leit mat oder ouni begrenzter Mobilitéit d’Méiglechkeet hunn autonom an hire Wunnengen ze liewen.

 

Wann de Posten Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif...).

 

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

 

Obligatoresch Ufuerderungen

D’Kandidate sollen:

  • am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn
  • Beruffserfarung hunn
  • Sënn vu Verantwortung hunn fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren
  • iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen
  • eegestänneg an organiséiert schaffen kënnen
  • déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen
  • de Führerschäin Klass B hunn

 

 

Wënschenswäert Ufuerderungen

Erfarung mat Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.

 

 

Mir bidden

  •  attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen
  •  en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.

 


 

Retour

10, rue du Château
L-4976 Bettange-sur-Mess
Contact
Audrey Grebil
Téléphone +352 37 91 91-1

Retour