diploméiert Erzéier (w/m/x) - Service SAS Süden & Osten

APEMH
Localité Süden an Osten
Type de poste Durée indéterminée Temps plein
Catégorie Educateur

Retour

D'APEMH, Associatioun am Déngscht vu Léit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hire Familljen, sicht fir hiren Service SAS zu Esch-Uelzecht an Jonglénster 2 diploméiert Erzéier (w/m/x) fir ee CDI - 40 Stonnen/Woch & 20 Stonnen/Woch - fir direkt oder no Ofsprooch.

 

Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif, …).


 Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

 

RESPONSABILITÉITEN:

  • ambulant Begleedung vun Erwuessenen mat enger intellektueller Beanträchtegung.
  • Berodung an Hëllefstellung am Alldag ubidden.
  • Suivi à domicile am Kader vum autonomen Wunnen garantéieren.

 

OBLIGATORESCH UFUERDERUNGEN:

D' Kandidate sollen:

  • am Besetz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn
  • iwwert Beruffserfahrung verfügen
  • iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen
  • eegestänneg an organiséiert schaffe kennen
  • déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen
  • de Führerschäin Klass B hunn.

 

WENSCHENSWÄERT UFUERDERUNGEN:

Erfahrung an der Aarbecht zesumme mat Léit mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.


MIR BIDDEN:

  • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen.
  • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.

Retour

10, rue du Château
L-4976 Bettange-sur-Mess
Contact
Audrey Grebil
Téléphone +352 37 91 91-1

Retour