Coordinateur de projets - Agence Dageselteren (m/w)

Arcus
Localité L-2562 Luxembourg
Type de poste Durée indéterminée Temps plein
Catégorie Administration/Secrétariat Educateur

Retour

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.


Mir siche fir d'Agence Dageselteren een Coordinateur de projets (m/w) – 30-40 Stonnen/Woch CDI


Responsabilitéiten

Hues Du Loscht als Coordinateur vu Projeten am Beräich vun der Begleedung an Ënnerstëtzung vun den Dageselteren zu Lëtzebuerg ze schaffen a follgend Missiounen ze erfëllen?

  • Konzeptuell Entwécklung an Ausschaffe vu sozialpedagogesche Projete
  • Koordinatioun an Ëmsetzung vun dëse Projete
  • Vernetzung an Zesummenaarbecht mat all de concernéierte Partneren
  • Ausféierung an Evaluatioun vu Workshops


Obligatoresch Ufuerderungen

  • Du hues eng Qualifikatioun am Beräich Sciences Sociales et Éducatives (Sozialpedagogie, Sozialaarbecht) a kenns de soziale Secteur zu Lëtzebuerg
  • Du hues een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom
  • Du hues Erfarung am Projetsmanagement
  • Du hues eng clientsorientéiert Approche
  • Du hues organisatoresch an analytesch Kompetenzen
  • Du schaffs souwuel gutt an der Equipe ewéi och autonom


Mir bidden

  • E Gehalt an Avantagen am Kader vum SAS-Kollektivvertrag
  • E motivéierenden, multidisziplinäert Aarbechtsfeld
  • E Schaffen a multikulturellen a dynameschen Equippen


Wann Dir un eiser Propose interesséiert sidd an Dir Iech an dësem Profil erkennt, da schéckt eis Är Kandidatur eran.

 

(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)


Retour

Place de strasbourg2
L-2562 Luxembourg
Contact
Service Recrutement
Téléphone +352 49 53 46-1

Retour