Concierges fir säin techneschen Déngscht (m/w/d) 40 St/W CDI

Elisabeth
Localité différents lieux de travail
Type de poste Durée indéterminée Temps plein
Catégorie Travail social
Elisabeth Kanner- a Familljenhëllef

Retour

Är Aufgaben:

* Ënnerhalt vun de Gebailechkeeten, den techneschen, elektreschen a sanitären Installatiounen
* Ënnerhalt vum Aussebräich a vun de Gréngflächen
* Divers deeglech Handwierksaarbechten a Reparaturen
* De Kontakt mat den Handwierksbetriber an de Fournisseuren
* Liesen a Verstoën vun technesche Pläng
* Dokumentatioun vun der Aarbecht
* Als Personne Relais Sécurité suergt Dir fir d’Sécherheet vun de Gebaier a fir d’Ëmsetzung vun den Aktiouns- a Sécherheetspläng
* Mise-à-jour vum régistre de sécurité vun der ITM
* Dir suergt fir eng gutt Zesummenaarbecht mam Responsabel vum Service Ménage, mat de Wunngruppen an allen anere Lait mat deenen Dir zesumme schafft
* Hausintern Sëcherheetsformatiounen haalen
* Dir bedeelegt Iech un der Organisatioun vun den Evakuatiounsübungen an un verschidden Aktivitéiten (Fester, Manifestiounen…)

 

Äre Profil:

* Een CATP / DAP an engem Handwierksberuff
* Gutt Kenntnisser a Fäegkeeten an diversen techneschen an handwierkleche Beräicher (Elektriker-, Ustrach-, Schräiner-, Sanitär-, Gaardenaarbechten,…)
* Beruffserfarung ass vu Virdeel
* Zouverlässegkeet, Diskretioun, Flexibilitéit
* Disponibilitéit, Dynamismus, Exaktheet, Organisatiounssënn, Kommunikativ Fäegkeeten an Teamgeescht
* Organisationskompetenz
* Wéinstens 1 vun deenen 3 Landessprooche beherrschen (L/D/F)
* Computerkenntnisser (MS-Office) si vu Virdeel

 

Mir bidden:

* Eng villfälteg an ofwiesslungsräich Aarbecht
* Een dynamescht Aarbechtsemfeld
* 40 St/W Aarbechtskontrakt op onbegrenzten Zäit
* Dës Plazen falen ënnert den SAS-Kollektivvertrag

Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn

* Casier judiciaire no 4 a 5
* Führerschäin Klass B
* Eischt Hëllefscour

Delai fir d'Kandidatur: 20.2.2025


Wann et fir Iech selbstverständlech ass, Kanner a Jonker ze betreien a mat hinnen zesummen di Zäit bei eis kreativ mat ze gestalten, da schéckt ons Är Kandidatur online eran.


(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL, GINN NET BERÜCKSICHTEGT)

Retour

Elisabeth Kanner- a Familljenhëllef
22, bd Joseph II
L-1840 Luxembourg
Contact
Jacques Schloesser
Téléphone +3524621311

Retour

Zum Seitenanfang springen
Postuler