Chef de Groupe (m/w/d) - Educateur gradué oder diplômé - CDI 100% - Alzeng (Schneider Haff)

Fondation Lëtzebuerger Kannerduerf
Localité 7534 Mersch
Type de poste Durée indéterminée Temps plein
Catégorie Travail social

Retour

'Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf sicht fir hiren Jungendwunngrupp, de Schneider Haff zu Alzeng


Ee Chef de Groupe, Educateur Gradué oder diplômé (m/w/d)

CDI – Vollzaït

 

Är Aufgaben :

  • Ëmsetzung a Sécherung vun enger qualitativ héichwäerteger pedagogescher Betreiung, fir d’Wuel vun de Jugendlechen ;

  • Leedung vun engem Wunngrupp mat Jugendlechen an engem Mataarbechterteam ;

  • Ëmsetzung vun de Konditiounen déi an der Convention-cadre festgehale sinn ;

  • Ëmsetzung vun den organisatiounsiwwergräifende konzeptuelle Grondlagen ;

  • Zesummenaarbecht mam Chargé de Direction a vernetzt mat all de Chef de Groupen aus den anere Beräicher vum SOS Kannerduerf Lëtzebuerg souwéi mat extern Partner ;

  • Verantwortung fir d'Gestioun vum Budget ;

  • Organisatioun vun Teamversammlungen, Mataarbechtergespréicher, Supervisiounen.

 

Äre Profil:

  • Dir hutt en unerkannten Diplom als Educateur diplômé mat der „autorisation d‘exercer” an 8 bis 10 Joer Erfarung an enger änlecher Positioun. Oder Dir hutt En unerkannte Bachelor Studium an der Sozialpädagogik / Éducateur gradué oder eng Equivalenz.

  • Fäegkeet fir systemesch-, Ressourcen- a léisungsorientéiert Denken an Handelen

  • Leedungs- a Féierungskompetenzen

  • Fachkompetenzen an de Beräicher Bindung an Trauma, Kanner- an Jugendschutz

  • Motivatioun, Wäertschätzung an Handlungskompetenz an der Zesummenaarbecht mat den Elteren/ Familljen

  • Motivatioun zu flexibelen Aarbechtszäiten, orientéiert um Bedarf vun de Jugendlechen an de Mataarbechter/innen

  • Dir sidd bereet Dag- an Nuetsschichten, souwéi Weekends a Feierdeeg ze schaffen

  • Wäertschätzend a sécher Gespréichsféierung

  • Fäegkeet fir eng qualitativ héichwäerteg Dokumentatioun

  • Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, weider Sproochen si vu Virdeel

  • Führerschäin (Klass B)


Mir bidden :

  • Dir sidd een Deel vun engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef

  • Dir schafft am deeglechen Encadrement mat eise Jugendlechen

  • Weiderbildung an de Beräicher, Bindung an Trauma, Kanner a Jugendschutz

  • Reegelméisseg Teamversammlungen, Supervisiounen, Formatiounen

  • Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS (C4 oder C6 laut Diplom)

  • Sympass Kaart


Mir bieden Iech folgend Dokumenter am Formulaire eropzelueden:

  • Motivatiounsbréif

  • Liewenslaf mat Foto

  • Kopie vum Diplom

  • Autorisation d'excercer


Am Fall vun engem Recrutement, gidd dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 a n°5 gefroot.

Retour

rue Hermann Gmeiner10
7534 Mersch
Contact
Ressources Humaines
Téléphone +352 32 90 03 -1

Retour

Avez-vous postulé pour cet emploi ?

Chef de Groupe (m/w/d) - Educateur gradué oder diplômé - CDI 100% - Alzeng (Schneider Haff) chez Fondation Lëtzebuerger Kannerduerf

Retour

Zum Seitenanfang springen
Postuler