SOS Détresse - mir hëllefen iwwer Telefon an Online asbl
Sicht en:
Chargée de Direction adjoint(e) (bac +5) (m/f/d)
CDI -40 St
Wanns Du en dynameschen an engagéierte Service a senger Weiderentwécklung wëlls begleeden, eng mënschlech beräicherend an ofwiesslungsräich Erausfuerderung sichs, da freeë mir eis op Deng Kandidatur.
Deng Missiounen an Aufgaben:
• Ënnerstëtzung vun der Chargée de Direction bei der Gestioun vum Service
• Op d’Besoine vun eisem Service a vun de Benevollen agoen
• Aktiv matgestalten un der Weiderentwécklung vun neie Konzepter, Strategien a Projeten
• Representatioun vum Service an der Ëffentlechkeet
• Ausbildung, Begleedung a Supervisioun vun eise Benevollen
• Entwéckelen an Duerchféiere vu Formatioune fir eis Benevollen
• Collaboratioun mam Familljeministère a mat eisem Verwaltungsrot
Däi Profil a Kompetenzen:
• Masterofschloss an der Psychologie
• Méijähreg Erfarung am soziale Secteur
• E staarke Sënn fir Diskretioun, Vertraulechkeet, Empathie a Verständnis fir Mënschen an Noutsituatiounen oder akute Krisen
• Wäerter a Sensibilitéit am Zesummenhang mam fräiwëllegen Engagement
• Verantwortungsbewosstsinn, gutt Organisatioun, Kommunikatiounsfäegkeeten a Fäegkeet autonom wéi och am Team ze schaffen
• Beherrsche vun de Software Word, Excel, Powerpoint, souwéi gudden Ëmgang mat Computerprogrammen am Allgemengen
• Flexibilitéit a punkto Aarbechtszäite fir d‘Formatiounen/Supervisiounen
• Obligatoresch: Exzellent Kenntnisser am Lëtzebuergeschen, Däitschen, Franséischen an Engleschen
• Führerschäi B an en Auto zur Verfügung
Wat mir bidden:
Mir bidden Dir eng interessant an ofwiesslungsräich Aarbecht an enger Ekipp vun héichmotivéierte professionellen a benevolle Mataarbechter , déi an enger kollegialer a frëndlecher Atmosphär zesummeschaffen.
D’Plaz ass ab direkt ze besetzen.
Bewerbung:
Wann s Du interesséiert bass, schéck eis Deng Bewerbung mat:
• enger Lettre de Motivation,
• engem ausféierlechen CV,
• enger Kopie vun Diplomer an Zertifikater,
• an enger aktueller Foto
bis spéitstens den 30. Juni 2025 un [email protected].
Bei enger Astellung gëtt en aktuellen Auszuch vum Casier Judiciaire verlaangt.
D’Remuneratioun entsprécht dem SAS-Kollektivvertrag (Carrière C7).
