D’Lënster Päiperlék asbl sicht:
Fir hiren SEA Päiperlék Junglinster (20, Rue du Village L-6140 Junglinster)
1 chargé de direction fir d’Direktiounsekipp (m/f/d) 40h/Woch CDI
Réf.: RH-JGL/40-CDI/2024-11
Dëse Posten ass ab dem 1. Dezember 2024 oder no Ofsprooch ze besetzen. Dëse Poste gëtt an der Carrière C6 vum SAS Kollektivvertrag agestuuft.
Profil :
Dir wësst wéi eng Erausfuerderungen Iech an enger Direktioun erwaarden an Dir gesitt Iech selwer an esou enger Roll
Dir sidd diskret, proaktiv, autonom an hutt Humor
Dir sidd teamfäeg a flexibel an Ären Aarbechtszäiten
Dir sidd bereet Responsabilitéit an Eegeverantwortung anzegoen
Dir fillt Iech wuel Ekippen a Reuniounen ze leeden
Dir hutt Stäerkten an der Kommunikatioun mat Elteren a mat internen an externen Instanzen
Ufuerderungen:
Dir hutt een a Lëtzebuerg unerkannten Diplôme als Sozialpedagog/Educateur gradué.
Dir kënnt gutt mat Excel a Word schaffen
Dir sidd verhandlungs- a schréiwsecher an alle gängeschen Sproochen
Dir sidd stressresistent a flichtbewosst
Erfarung an der Leedung vun engem SEA ass vu Virdeel
Aufgabenberäich:
Dir iwwerhuelt d‘Leedung vun eisem SEA Päiperlék Jonglënster. Zu Ären Aufgabe gehéieren:
Enke Kontakt mat Elteren, internen an externen Instanzen
Organisatioun a Leedung vu Reuniounen
Participatioun bei verschiddenen Aufgaben am Recrutements-Prozess
Organisatioun vun de Schaffpläng
Ekippe begleeden, orientéieren a leeden
Innovatioun am Haus viru bréngen
Iwwerbléck vum CSA garantéieren
Mir bidden:
Eng Astellung ënnert dem SAS – Kollektivvertrag (Maximum C6)
Zesummenaarbecht mat enger dynamescher administrativer Ekipp
Gutt Weiderbildungskonditiounen
Ee multidisziplinäert Aarbechtsfeld
Eng enk Begleedung vun Experte vum Terrain
All Demande mat Motivatiounsschréiwes an engem CV sinn bis den 1. November 2024 anzeschécken.
Mat Ärem Dossier gëtt eng Pré-Selektioun gemaach. Bei enger Astellung gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefroot.
Adresséiert Är Demande (mat der Mentioun vun der Référenz) un:
Lënster Päiperlék a.s.b.l. – M. Ben SCHEIDEN
20, Rue du Village
L- 6140 Junglinster
TEL.: 26 78 26 67
Email : [email protected]