Mir sichen 1 Administrativen Employé (m/w/d)
20 Stonne CDI
C4 oder PA3 am CCT-SAS
Hues Du:
En Niveau BAC oder equivalent
Eng stabil Erfarung an der Comptabilitéit (generell a fir d’Joresenn)
Erfarung am administrative Beräich (Accueil vu Visiteuren, Sekretariat, administrativ Organisatioun a Gestioun vum Service, Organisatioun vun Evenementer)
Liichtegkeet am Ëmgang mam MS Office an engem Logiciel fir Comptabilitéit
Redaktionell Fäegkeeten an den Iwwerbléck vun den Zesummenhäng
Eegeninitiativ a selbstänneg Aarbechtsweis
Loscht mam Team vu respect.lu zesummen ze schaffen
Freed a Liichtegkeet um Kontakt an am Ëmgang mat Leit
Du schaffs gär a gutt an enger Equippe bass awer och selbstänneg.
Du bass verantwortungsbewosst, diskret a flexibel.
Du kanns an engem Kontext schaffe wou Gewalt a Radikaliséierung Thema sinn.
Du kanns Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch. All aner Sprooch assvu Virdeel.
Da mell dech bei respect.lu
Scheck eis Däin CV an e Motivatiounsschreiwes ob [email protected] bis zum 30. Juni 2024