2 Erzéier (m/w/d) 20 St/W CDI

Elisabeth
Localité 5335 Moutfort
Type de poste Durée indéterminée Temps partiel
Catégorie Travail social
Crèche Spillkëscht Mutfert

Retour

Är Aufgaben:

Aarbechtsfelder fir dës Plaz sinn:

E Kannergrupp (Kanner am Alter vun 0 bis 4 Joer)

Äre Profil:

* Eng hei zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Erzéier (m/w/d)
* Déi 3 Landessprooche beherrschen (L/D/F). Lëtzebuergesch ass eng Viraussetzung am Ëmgang mat de Kanner an den Elteren. Besonnesch auslännesch Kanner solle jo hei bei eis intégréiert ginn an dat geschitt och iwwert d'Sprooch. Si ass eng Basis fir dem Kand säin Erfolleg spéider hei an der Schoul
* Gutt Kenntnisser vun der Entwëcklung vum Kand, besonnesch am Alter vun 0-4 Joer
* Sech un konzeptuellen an theortesch pädagogeschen Iwwerleeungen bedeelegen kënnen, Kenntnisser vum nationalen Ramenplan a vun der Pikler-aproche kenne vu virdeel sinn.
* Kontakter mat Elteren kënnen geréieren an Elteregespréicher leeden.
* Ee gültegen Éischthellëfscours gemaach hunn
* No flexibelen Auerzäite schaffe kënnen (d’Crèche ass am Prinzip vu moies 07.00 Auer bis owes 19.00 Auer op)
* Gutt Computerkenntnisser (MS-Office); eng ganz Rei vun Dokumenter gi via PC tëschent den eenzelne Servicer vun der Crèche transféreiert. Et ass also wichteg, dass Dir eng gewësse Liichtegkeet am Ëmgang mam Computer hutt
* De Führerschäin Klass B

Mir bidden:

* 20 St/W Aarbechtskontrakt op onbegrenzten Zäit
* Dës Plazen faalen ënnert de SAS-Kollektivvertrag

Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn

* Droit d'exercer
* Casier judiciaire no 4 a 5
* Führerschäin Klass B
* Eischt Hëllefscours

Delai fir d'Kandidatur: 16.1.2025


Wann et fir Iech selbstverständlech ass, Kanner a Jonker ze betreien a mat hinnen zesummen di Zäit bei eis kreativ mat ze gestalten, da schéckt ons Är Kandidatur online eran.

(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL GINN NET BERÜCKSICHTEGT)

Retour

Crèche Spillkëscht Mutfert
1B rue de Medingen
5335 Moutfort
Contact
Joanne Pauly
Téléphone +352 35 84 02 400

Retour

Avez-vous postulé pour cet emploi ?

2 Erzéier (m/w/d) 20 St/W CDI chez Crèche Spillkëscht Mutfert

Retour

Zum Seitenanfang springen
Postuler