D’FONDATIOUN KANNERSCHLASS rekrutéiert :
Fir de «Foyer RIO» zu Bartreng
1 Sozialpädagoge / Gruppechef (m/f/d)
CDI 40 Stonnen/Woch
Referenz: SA-CDG-RIO
Dëse Posten gëtt ugebueden am Kader vun eiser stationärer Ariichtung zu Bartreng. Am Foyer wunne 4 Kanner / Jugendlecher am Alter tëschent 4 an 18 Joer. D’Aarbecht besteet doranner dës Kanner am Alldag z‘encadréieren, hinnen déi néideg Hëllefstellungen ze ginn a si an hirer Autonomie ze fërderen.
Ee weideren Aspekt vun der Aarbecht ass eng intensiv Zesummenaarbecht mat der Famill an de Servicer, déi am Projet vum Kand involvéiert sinn.
De Gruppechef ass zousätzlech fir d’Leedung vu senger Ekipp an déi spezifesch administrativ Aufgaben am Foyer verantwortlech.
Missiounen
- leedung an Encadrement vun der Ekipp, dëst am regelméissegen Austausch mat senge Virgesetzten;
- aktiv Partizipatioun um Alldagsliewen am Foyer ;
- individuellen a familiäre Suivi vun de Kanner aus dem Foyer ;
- aktiv Zesummenaarbecht mat de Memberen aus der Equipe an den externe Professionellen zum Wuel vun de Kanner
Noutwendeg Kompetenzen
- Diplom vum Educateur gradué, Educateur spécialisé oder Bachelor en sciences sociales et éducatives;
- Fäegkeet an enger pluridisziplinärer Equipe ze schaffen
- Bereetschaft op Schichten ze schaffen
- Beherrsche vun den 3 Landessproochen
- Fürerschäin B
- Eng berufflech Erfarung am Heemberäich ass vu Virdeel
Bei enger Astellung froe mir de Bulletin 4 a 5 aus dem Casier judiciaire.
D’Bezuelung ass konform mat den Dispositioune vun der CCT SAS.
Adresséiert w.e.g. Är Kandidatur mat engem Motivatiounsbréif, Ärem Liewenslaf an enger Kopie vun Ären Diplomer bis spéitstens den 22. November 2024 mat der Referenz
SA-CDG-RIO un d’Mailadress: [email protected]