1 Psychologue (h/f/x) - 30St - CDI - DYS - Service Dys-Positiv

Caritas Jeunes & Familles
Localité L-6130 Rumelange & Junglinster
Type de poste Durée indéterminée Temps partiel
Catégorie Psychologie/Psychiatrie

Retour

Caritas Jeunes et Familles ass eng Associatioun, déi zanter méi wéi 37 Joer besteet an iwwert 700 Mataarbechter huet.

Eis Missioun ass, d'Zukunft vun Äre Jonken a Kanner zesummen ze bauen. Mir si Member vun der Bientraitance a.s.b.l. Dat heescht, datt eis Handlungen, Projeten a berufflech Haltungen Deel vun enger Kultur an engem Ëmfeld sinn, wou Solidaritéit a Bienveillance hier Platz hun.

Eis Mataarbechter schaffen all Dag am Kanner-, Jugend- a Familljesecteur, fir d‘Beneficiairen an hirem Liewen z'ënnerstëtzen, egal wéi eng Bedierfnisser se hunn oder wéi e Wee se huelen.

 

Fir eis Ekipp vum Service Dys-positiv ze verstäerke, siche mir eisen zukünftege motivéierte Mataarbechter.


RESPONSABILITÉITEN

 

 Profil:


- Am Besëtz vun engem unerkannten Diplom sinn ;

- Praktesch Erfarung an der Diagnostik an der Therapie am Beräich vun den Troubles de l’apprentissage ;

- Erfarung an der Leedung vu Gruppe vun Kanner mat Léierschwieregkeeten ;

- Erfarung an der Elterenaarbecht ;

- Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch schwätzen ;

- Sënn vu Verantwortung a vun Organisatioun ;

- Equippegeescht ;

- Flexibel an de Schaffzäite sinn ;

- B-Führerschäin.

 

Mir bidden dir en Ëmfeld wou Solidaritéit an Bienveillance hier Platz hun.


D’Leit ginn nom Kollektivvertrag CCT-SAS vum soziale Secteur bezuelt (carrière C7 maximum).

Eng éischt Selektioun gëtt op Grond vun den Dossiere gemaach.


Een Extrait vum Casier judiciaire (bulletins n°3, 4 an 5) gëtt am Fall vun enger Astellung gefrot.


Fir méi Informatiouen iwwer eis Aktivitéit, besiocht eis Websäit : cjf.lu


Retour

route de Luxembourg 12
L-6130 Rumelange & Junglinster
Contact
Service RH
Téléphone +352 265653-1

Retour