1 Mataarbechter (m/w/x) - 20St/ Woch - KJT - CDI

Caritas Jeunes & Familles
Localité L-5801 Hesperange
Type de poste Durée indéterminée Temps partiel
Catégorie Educateur

Retour


Caritas Jeunes et Familles ass eng Associatioun, déi zanter méi wéi 37 Joer besteet an iwwert 700 Mataarbechter huet.

 

Eis Missioun ass et, d'Zukunft vun Äre Kanner a Jonken zesummen ze gestalten. Mir si Member vun der Bientraitance a.s.b.l.. Eis Aktivitéiten, Projeten a professionel Haltungen baséieren op de Prinzipie vun der Solidaritéit, der Wertschätzung an dem geigensäitegen Vertrauen.

 

Vir eist Team ze verstäerke, siche mir 1 Mataarbechter mat Masterofschloss fir eise Service KJT.

 

 

Profil:

  • Mataarbecht an allen Aufgabeberäicher vum KJT mam besonneschem Fokus op:
  • Leedung an Ënnerstëtzung vum benevolle Botschafterteam 
  • Organisatioun, Koordinatioun an inhaltlech Virbereedung vun den Asätz vun de Botschafter
  • Workshops a Schoulen, Informatiouns- an Aktivitéitsstänn fir Jonker, de grand publique a Professioneller virbereeden an duerchféieren
  • Dat nationaalt Netzwierk weider ausbauen
  • Mataarbecht an der Chat-Berodung


Mir erwaarden:


  • Gutt Kontaktfäegkeet mat Kanner a Jugendlechen
  • Reegelméisseg Owend- a Weekendsterminer
  • Belaaschtbarkeet
  • Administrativ Fäegkeeten
  • Nieft den übleche Landessproochen si gutt Engleschkenntnisser onerlässlech
  • Erfarungen an der Berodungs- a Fortbildungsaarbecht sinn erwënscht
  • En ofgeschlossenen Universitéitsstudium (Master) am Beräich Psychologie, Pädagogik oder ähnleches


Mir bidden:

  • Abannung an e Fachteam
  • Supervisioun
  • Gestaltungsfräiraum fir eegen Iddien
  • Beschäftegung mat aktuellen Erausfuerderunge vum Jugendschutz (online an offline)


 

D’Leit ginn nom Kollektivvertrag CCT-SAS vum soziale Secteur bezuelt (Carrière C7). En Extrait vum Casier judiciaire Nummer 3, 4 a 5 gëtt am Fall vun enger Astellung gefrot.

 

Fir méi Informatiounen iwwer eis Aktivitéit, besicht eis Websäit : www.cjf.lu a www.kjt.lu

 

Les informations recueillies font l’objet d’un traitement destiné à permettre à Caritas Jeunes et Familles a.s.b.l. la gestion de la demande qu’elle reçoit. Elles sont destinées aux membres et aux services de Caritas Jeunes et Familles a.s.b.l. conformément au règlement (UE) 2016/679 du Parlement européen et du Conseil relatif à la protection des données à caractère personnel (RGPD)

Retour

64, rue Charles Martel
L-2134 Luxembourg
Contact
Service RH
Téléphone +352 265653-1

Retour