1 Landschaftsgärtner (m/f/n), CDI 40 St./Woch fir eisen Atelier d’inclusion professionnelle zu Réiden

Op der Schock
Localité Redange/Attert
Type de poste Durée indéterminée Temps plein
Catégorie Nettoyage/Jardinage Travail social

Retour

Op der Schock, société coopérative stellt an:

Een Landschaftsgärtner (m/f/n), CDI 40 St./Woch fir eisen Atelier d’inclusion professionnelle zu Réiden

Missioun:

  • Zesumme mat engem Grupp vu Mënschen mat enger intellektueller Beanträchtegung Aarbechten am Beräich vun der Landschaftsgäertnerei bei duerchféieren
  • Encadrement a Leedung vum Grupp:
    - Ënnerstëtzung bei der Ausféierung vun den Arbechten
    - Dépistage a Förderung vun de Fähegkeeten an Interessen vun den betreiten Mataarbechter
    - Förderung vun der alldeeglecher Selbständegkeet an de Sozialkompetenzen
  • Dofir suergen dass d’Aarbecht fachgerecht an zur Zefriddenheet vum Klient ausgefouert ass

Qualifikatioun a Kompetenzen:

  • Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Landschaftsgärtner (DAP oder equivalent)
  • Fundéiert Planzekentnisser; Kentnisser am Uléen an Ënerhalt vun naturnoe Gäert
  • Gudd kierperlech Fitness
  • Freed an Engagement an der Zesummenaarbecht mat Mënschen mat enger intellektueller Beanträchtegung
  • Kapabel, autonom ze schaffen a Responsabilitéit ze iwwerhuelen
  • Strukturéiert a koordinéiert Schaffen
  • Humor, Flexibilitéit an Teamfähegkeet
  • Loscht sech an engem Team ze engagéiren
  • PC-Kenntnisser

Konditiounen:

  • CDI
  • Salaire a Konditioune vum CCT SAS
  • Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
  • Führerschäin B an BE
  • Well dir mat Mënsche mat enger Beanträchtegung schafft, gëtt och een Extrait (3,4 an 5) aus dem Casier judiciaire gefrot

Lëtzebuergesch schwätzen ass eis wichteg, fir dass déi betreite Persounen hir Betreier verstinn.

Wann Dir interesséiert sidd, schéckt Är Demande (Liewenslaf, Motivatiounsbréif, Foto, Kopie vum néidegen Diplom a senger Unerkennung zu Lëtzebuerg) un:

Op der Schock
Ressources humaines
B.P.10
L-8501 Redange

Oder per E-Mail un: [email protected]

Eng éischt Selektioun gëtt opgrond vun den Dossiere gemaach

Fir weider Informatiounen, kënnt dir eis gäre kontaktéieren
Tel: 00352 26 62 18 81
E-mail: [email protected]

Retour

Op der Schock asbl et société coopérative
34A Route de Reichlange
L-8508 Redange / Attert
Contact
Nathalie Jacques
Téléphone +352 26 62 18 81

Retour

Postuler en ligne

Veuillez calculer 6 plus 9.

Retour