Op der Schock, société coopérative stellt an[NF1] :
1 zousätzleche Kach/Traiteur (m/f/n), CDI 40 St./Woch fir eisen Kichenatelier zu Réiden – REF: COOP202501
Missioun:
- Encadrement a Leedung vun enger Equip vu Mënschen mat enger intellektueller Beanträchtegung am Kicheberäich
- Zesummen mat der Equip di verschidde Produktiounen an Arbechten an der Kichen fachgerecht duerchféieren
- Qualitéit vun de Produit‘en an Ëmsetzen vun den Normen HACCP garantéieren
- Nei Produit’en matentwéckelen
Qualifikatioun a Kompetenzen:
- Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Kach/Traiteur oder Beruffserfahrung am Beräich am Kicheberäich an gutt Basiskenntnisser vun dëser Arbecht
- Beherrschen vun den HACCP Normen
- Kreativitéit a Freed qualitativ héichwäerteg Produit’en hierzestellen
- Eng respektvoll, léisungsorientéiert a wohlwollend Haltung an der Aarbecht
- Kapabel, autonom ze schaffen a Responsabilitéit ze iwwerhuelen
- Strukturéiert a koordinéiert Schaffen
- Humor, Flexibilitéit an Teamfäegkeet
- Loscht, sech an engem engagéierten Team matzeschaffen
Konditiounen:
- Salaire a Conditioune vum CCT SAS
- Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
- Führerschäin B
- Well dir mat Mënsche mat enger Beanträchtegung schafft, gëtt och een Extrait (3,4 an 5) aus dem Casier judiciaire gefrot
- Lëtzebuergesch schwätzen ass eis wichteg, fir dass déi betreite Persounen hir Betreier verstinn.
Wann Dir interesséiert sidd, schéckt Är Demande (Liewenslaf, Motivatiounsbréif, Foto, Kopie vum néidegen Diplom a senger Unerkennung zu Lëtzebuerg) un:
Op der Schock
Ressources humaines
B.P.10
L-8501 Redange
Oder per E-Mail un: [email protected]
Eng éischt Selektioun gëtt opgrond vun den Dossiere gemaach
Fir weider Informatiounen, kënnt dir eis gäre kontaktéieren. Tel: 26 62 18 81 E-mail: [email protected]
