1 Encadrant fir eisen neien Atelier „Inklusiven Tourismus a liicht Sprooch“, CDI 40 St./Woch

Op der Schock
Localité 8508 Redange/Attert
Type de poste Durée indéterminée Temps plein
Catégorie Educateur Travail social
COOP202504

Retour

Op der Schock, société coopérative stellt an:

1 Encadrant fir eisen neien Atelier „Inklusiven Tourismus a liicht Sprooch“, CDI 40 St./Woch fir eisen Atelier d’inclusion professionnelle zu Réiden – REF: COOP202504

Missioun:

  • Iwwersetzen vun Texter an d‘ liicht Sprooch
  • Leeden vun eise Préiwgruppen vu Mënsche mat besonnesche Bedierfnisser:
    - déi Texter an der liichter Sprooch préiwen an upassen
    - déi touristesch Angeboter testen a Virschléi maache wéi des kënne méi inklusiv gestallt ginn
  • Projeten am inklusiven Tourismus mat ausschaffen
  • Austausch mam Client
  • Austausch an de Netzwierker vum Tourismus an / oder der liichter Sprooch


Qualifikatioun a Kompetenzen:

  • Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom am pädagogesche Beräich (Pädagog, Heilpädagog, Sozialpädagog, Erzéier mat Beruffserfahrung an der Begleedung vu mat Mënsche mat intellektueller Beanträchtegung o.ä.)
  • Loscht sech an de Beräich vum inklusiven Tourismus eranzeschaffen
  • Kenntnisser vun der liichter Sprooch, respektiv Loscht sech an dee Beräich anzeschaffen
  • Freed an Engagement an der Aarbecht
  • Eng respektvoll, léisungsorientéiert a wohlwollend Haltung an der Aarbecht
  • Kapabel, autonom ze schaffen a Responsabilitéit ze iwwerhuelen
  • Strukturéiert a koordinéiert Schaffen
  • Humor, Flexibilitéit an Teamfäegkeet
  • Gutt PC-Kenntnisser


Konditiounen:

  • CDI
  • Salaire a Konditioune vum CCT SAS
  • Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
  • Führerschäin B
  • Well dir mat Mënsche mat enger Beanträchtegung schafft, gëtt och een Extrait (3,4 an 5) aus dem Casier judiciaire gefrot
  • Lëtzebuergesch schwätzen ass eis wichteg, fir dass déi betreite Persounen hir Betreier verstinn.

Wann Dir interesséiert sidd, schéckt Är Demande (Liewenslaf, Motivatiounsbréif, Foto, Kopie vum néidegen Diplom a senger Unerkennung zu Lëtzebuerg) un:

Op der Schock

Ressources humaines

B.P.10

L-8501 Redange

Oder per E-Mail un: [email protected]

Eng éischt Selektioun gëtt opgrond vun den Dossiere gemaach. Fir weider Informatiounen, kënnt dir eis gäre kontaktéieren. Tel: 26 62 18 81   E-mail: [email protected]

 

Retour

34a, route de Reichlange
8508 Redange/Attert
Contact
Nathalie Jacques
Téléphone +352 26 62 18 81

Retour

Postuler en ligne

Veuillez additionner 3 et 2.

Retour

Zum Seitenanfang springen
Postuler