D’Jugendhaus Wooltz a.s.b.l sicht 1 Educateur diplômé 20-40h CDD (m/f/d) - CCT SAS Kollektivvertrag
De gesichte Profil:
- Du hues een Diplom als Educateur diplômé (m/f)
- Du hues ee gültege Führerschäi B
- Du schwätz a schreifs Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
- Du bass bereet am Team ze schaffen, sou wei awer och autonom Projeten ze leeden
- Du hues Freed a bass interesséiert un der Aarbecht mat Jugendlechen mat ënnerschiddlechem Background
- Du kanns kreativ denke wann et ëm d’Opbauen an d’Duerchféiere vun Iddie vu Jonke geet
- Du weess Jugendlecher ze motivéieren a bass capabel ee Grupp vu Jonken ze leeden
- Du bass vertraut mam nationale Bildungsrahmenplan an der doraus resultéierend participativer Approche
- An dengem Alldag si Kenntnisser am Ëmgang mam Computer wéi z.B. Tabellenprogrammer a Schreifprogrammer sou wéi weideren digitalen a soziale Medie wéi z.B. Facebook, Veraarbechtung vu Video a Bildmaterial gefrot. Mir notzen ausschliesslech Apple Computer.
Däin Alldag:
- Du plangs an encadréiers, mat enger staarker participativer Approche, sou wei se am Bildungsrahmenplan virgesinn ass, Projeten an Aktivitéite mat Jugendlechen
- Du geréiers autonom de Budget vun diversen Aktivitéiten a Projeten
- Du beweis an den alldeeglechen Aktivitéiten, volle kierperlechen Asaz
- Du bilts dech gären ëmmer rëm weider an dat a verschiddenen Themeberäicher
- Du begleets an ënnerstëtz Jugendlecher duerch entwéckele vu Methoden a Strukturen an hiren Iddien
- Du hëls un de reegelméissegen Teamsëtzungen, Supervisiounen a Formatiounen deel, déi als Zilsetzung hunn, di pedagogesch Qualitéit vun eiser oppener Jugendaarbecht virun z’entwéckelen
- Du leets a begleets di Jonk, a Kachworkshops, Formatiounen a Kulturreesen
Wann’s s du interesséiert bass, da schéck w.e.g deng Demande, däi Liewenslaf mat Foto an enger Kopie vu dengem Diplom un [email protected]. Een Diplom als Educateur diplomé ass impérativ!
Jugendhaus Wooltz ASBL
59-61 Rue Michel Thilges
9573 Wiltz
Contact
Renée Fretz
Téléphone
+352691959327