1 Coordinateur fir eis Kichen (m/f/n), CDI 30-40St./Woch

Op der Schock
Localité 8508 Redange/Attert
Type de poste Durée indéterminée Temps plein
Catégorie Resto & Cafetéria Gestion/Direction/Ressources humaines
COOP202502

Retour

Op der Schock, société coopérative stellt an:

1 Coordinateur fir eis Kichen (m/f/n), CDI 30-40St./Woch fir eisen Atelier d’inclusion professionnelle zu Réiden – REF: COOP202502

Deng Missioun:

An engem Team vu Coordinateuren zesummen d’Leedung vun den Ateliers d’Inclusion Professionnelle assuréieren a fir ee gudde Fonctionnement suergen, am Aklang mat de Wäerter an der Philosophie vun der Schock.

De Schwéierpunkt vun denger Aarbecht läit an der Leedung vum Kicheberäich:

- Leedung vum Team

o    Aarbechtsorganisatioun a Fonctionnement vum Alldag mat der Equipe zesumme plangen an ëmsetzen

o    Leedung vun Teamversammlungen

o    Féierung vu Mataarbechtergespréicher

 

-mat der Ënnerstëtzung vu pädagogesche Mataarbechter:

o    Aarbechtsofleef strukturéieren an un d’Kompetenze vun eise betreite Mataarbechter upassen

o    Entwécklung an Aktualiséierung vun Aarbechtsprozeduren an Zesummenaarbecht mam Team

o    Fërderung vun de Kompetenze vun de betreite Mataarbechter

 

-Qualitéitsgestioun an Organisatioun vun der Produktioun:

o    Fir eng gutt Qualitéit vun eise Produit’en suergen

o    Käschtenopstellungen maachen

o    Austausch a Verhandlunge mat Fournisseuren, eng Zesummenarbecht mat regionale Produzenten an/oder Bioproduzenten opbauen

o    Nei Produkter mat entwéckelen

 

- Berodung an Austausch mat Client’en

- Nei Aktivitéiten am Kicheberäich mat opbauen an di besteeënd Beräicher weider ausbauen, dëst virun allem am Kader vun eisem Ausbauprojet vun den Ateliers d’inclusion professionnelle.

Qualifikatioun a Kompetenzen déi’s du als Coordinateur matbrénge solls:

  • Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom Niveau BTS oder Bachelor am Beräich Management an der Restauratioun o.ä.
  • Kenntnisser vun de gängegen Normen am Liewensmëttelberäich (HACCP…)
  • Ee Leadership, wat gepräägt ass duerch eng respektvoll, wohlwollend a léisungsorientéiert Haltung an der Aarbecht, Kloerheet an Zilgeriichtheet
  • Fäegkeet, Freed a Motivatioun, souwéi och den Equippegeescht ze fërderen
  • Ee wohlwollenden a wäertschätzenden Humor
  • Kapabel, autonom ze schaffen a Responsabilitéit ze iwwerhuelen
  • Gutt Kompetenzen an der Verschrëftlechung an an der Kommunikatioun
  • Strukturéiert a koordinéiert Schaffen, gutt Zäitgestioun
  • Flexibilitéit an Teamfäegkeet
  • Gutt PC-Kenntnisser

Wat mir dir bidden ?

  • Zesummeschaffen an engem dynameschen a motivéierten Team
  • Vernetzung mat anere Servicer
  • Reegelméisseg Formatiounen
  • Aschaffen vun der Direktioun an deenen anere Memberen vum Leedungsteam
  • CDI
  • Salaire a Konditioune vum CCT SAS

Konditiounen:

  • Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
  • Führerschäin B
  • Well dir mat Mënsche mat enger Beanträchtegung schafft, gëtt och een Extrait (3,4 an 5) aus dem Casier judiciaire gefrot
  • Lëtzebuergesch schwätzen ass eis wichteg, fir dass déi betreite Matarbechter hir Betreier verstinn.

Wann Dir interesséiert sidd, schéckt Är Demande (Liewenslaf, Motivatiounsbréif, Foto, Kopie vum néidegen Diplom a senger Unerkennung zu Lëtzebuerg, Casier) un:

Op der Schock - Ressources humaines

B.P.10

L-8501 Redange

Oder per E-Mail un: [email protected]

Eng éischt Selektioun gëtt opgrond vun den Dossiere gemaach

Fir weider Informatiounen, kënnt dir eis gäre kontaktéieren

Tel: 00352 26 62 18 81

 

 

Retour

34a, route de Reichlange
8508 Redange/Attert
Contact
Nathalie Jacques
Téléphone +352 26 62 18 81

Retour

Postuler en ligne

Veuillez additionner 7 et 5.

Retour

Zum Seitenanfang springen
Postuler