Mir sinn eng Ekipp vun 7 Leit, déi fir d’Comptabilitéit an d’Finanzen vun der Fondatioun Solina an den A.s.b.l’en Jongenheem, Solidarité Jeunes an Aarbechtshëllef zoustänneg sin.
Däin Aufgabenberäich :
- Buchen an kontrolléieren vun der alldeeglecher Comptabilitéit (Clients, Fournisseurs, Bankextrait’en)
- Gestioun vun der analytescher Comptabilitéit
- Gestioun vun den Loyer’en
- Gestioun vun den Dossier’en mat den Ministèren
- Virbereeden vun den Décompten fir eis Ministèren
- Ënnerstëtzung an Zesummeschaffen mat der Ekipp an den alldeeglechen Aarbechten
- Verschidden administrativ Aarbechten
- Enk Zesummenaarbecht mat aneren interne Servicer
Däin Profil :
- Du hues een DAP bis BAC
- Du hues Beruffserfarung an enger änlecher Funktioun vun mindestens 3 Joer
- Du schwätz Lëtzebuergesch, Däitsch an Franséisch
- Du kanns autonom schaffen a bass zouverlässeg
- Du schaffs grëndlech a bass gutt organiséiert
- Du hues gutt Kenntnisser vum « MS-Office »
- Erfarung am Bob50 ass vun Virdeel
Mir bidden Dir:
- Deel vun engem dynameschen an engagéierten Betrib ze sinn
- Den CCT SAS Kollektivvertrag (Karrière no Diplom)
- Deel vun engem motivéierten Team ze sinn
- Een attraktiivt Formatiounsangebot
- Eng verantwortungsvoll a villfälteg Aarbechtsplaz mat Laangzäitperspektiven
- Ee Betrib wou de Mënsch am Vierdergrond steet
D’ Kandidature mat Referenznummer, Liewenslaf, Foto, Kopie Diplom an néideg Ënnerlagen, kënne bis de 06.07.2024 u follgend Adress geschéckt ginn:
Fondation Solina
163, rue du Kiem
L-8030 Strassen
oder un [email protected]
Wann d‘Kandidaturen zeréckbehalen ginn, froen mir d’Casiers judiciaires 3 a 5.
![](assets/images/6/Solina_Logo_Solidarite%20-%20Jeunes%20Ouni%20Hannergrond__2-b14eea63.png)