Studenten fir Elisabeth Jeunesse fir de Projekt "Summerkiosk" zu Nidderaanwen (m/w/d)

Elisabeth
Job location: Niederanven
Job type: Temporary
Category: Other jobs
Chiffre: Anne asbl

Go back

Är Aufgaben / Votre mission / Ihre Aufgaben
(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL GINN NET BERÜCKSICHTEGT)

Sidd Dir interesséiert als Student wärend äre Vakanze beim Projet “Summerkiosk zu Nidderaanwen” matzeschaffen? Elisabeth Jeunesse organiséiert an Zesummenaarbecht mat der Gemeng Nidderaanwen an de lokal Veräiner wärend 8 Woche cool an ofwiesslungsräich Aktivitéite fir Kanner, Jonker a déi ganz Famill. Hëllef eis, mat dengen Iddien an dengem Engagement dësen eenzegaartege Projete mat ze plangen an zum Erfolleg ze bréngen. Sammel esou éischt Beruffserfarung an Deel flott Momenter mat anere Jonken.

Äre Profil / Votre profil / Ihr Profil
Zäitraum:
1. 30.06.2025 – 02.08.2025
2. 25.08.2025 – 13.09.2025

Äre Profil:
• minimum 16 Joer (min. 18 Joer fir de “Chef Animateur”)
• lëtzebuergesch schwätzen
• prioritär gi Studenten engagéiert, déi an de Gemenge wunnen
• eng Formatioun als Animateur Brevet A oder equivalent

Op Ufuerderung kënnen eraginn:
• een CV
• eng Photo
• een Certificat de scolarité vun der Schoul datt Dir nach Schüler oder Student sitt
• eng Copie vun der Sozialversicherungskaart
• een Extrait vum Casier Judiciaire No. 3&5
• eng IBAN Kontosnummer

Mir bidden / Nous vous offrons / Wir bieten Ihnen
• Flotte Vakanzenjob mat innovativen Iddien.
• Gutt Ambiance an enger Equippe vun Animateuren.
• Flexibel Schaffzäiten no Ofsprooch mat der Equippe.

Fir déi Leit déi keng Formatioun als Animateur hunn, bidde mir dës Formatioun virum Summer un. Umeldunge kann een sech op www.elisabethjeunesse.lu.

(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL GINN NET BERÜCKSICHTEGT)

Go back

22, bd Joseph II
L-1840 Luxembourg
Contact person
Ressources Humaines

Go back

Did you apply for this job?

Studenten fir Elisabeth Jeunesse fir de Projekt "Summerkiosk" zu Nidderaanwen (m/w/d) at Elisabeth

Go back

Zum Seitenanfang springen
Apply