Educateur diplômé (M/W/NB) - Maison Relais Sëll

Arcus
Job location: 7471 Saeul
Job type: Permanent contract Full time
Category: Social pedagogue

Go back

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn. Sie bitt e kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter e stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.


Mir siche fir d'Maison Relais Sëll : Educateur diplômé (m/w/nb) – CDI – 20 Stonnen/Woch


D’Maison Relais Sëll bitt Plaz fir ronn 150 Kanner vun 3 bis 12 Joer a verfüügt iwwer 9 gutt equipéiert Raim souwéi eng extern Spillplaz, fir eng qualitativ héichwäerteg Betreiung ze garantéieren.



Responsabilitéiten:


  • Du empfänks a begleeds d’Kanner vum Cycle 1-4

  • Du wierks bei edukative Projete mat, déi un d’Besoine vun de Kanner ugepasst sinn

  • Du ënnerstëtz d’Kand a senger individueller Entwécklung

  • Du fërders e reegelméissegen a professionellen Austausch mat den Elteren



Obligatoresch Ufuerderungen:


  • Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Erzéier (Educateur „en formation“ kënnt och a Fro)

  • Du bass flexibel an den Aarbechtszäiten

  • Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesh schwätzen (minimum B2)

  • Du hues en Permis B an e perséinlechen Auto



Mir bidden:


  • Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld

 


(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)


Go back

Um Sand
7471 Saeul
Contact person
Service Recrutement

Go back

Did you apply for this job?

Educateur diplômé (M/W/NB) - Maison Relais Sëll at Arcus

Go back

Zum Seitenanfang springen
Apply