Educateur diplômé - Crèche Stauséi (m/w/d)

Arcus
Job location: 9655 Harlange
Job type: Permanent contract Full time
Category: Social pedagogue

Go back

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.



Du bass op der Sich no enger neier Erausfuerderung? Dann bass du bei eis genau richteg.


Mir sichen motivéiert, passionéiert an dynamesch Leit mat dem Ofschloss Educateur diplômé (m/w) fir eng 30-40 Stonnen/ Woch CDI an eiser Crèche Stauséi zu Harel.


Mir bidden dir:

  • Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen
  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS
  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt, fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen
  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass
  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld


Obligatoresch Ufuerderungen:

·       Du bass motivéiert an oppe fir Neies

·       Du hues Loscht däi Wësse mat Aneren ze deelen an deng Kompetenzen anzesetzen

·       Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom

·       Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen

·       Du bass flexibel an den Aarbechtszäiten


Du bass Interesséiert? Da schéck eis deng Kandidatur!


Mir freeën eis dech geschwënn kennen ze léieren. 


(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)


Go back

Rue Laach3
9655 Harlange
Contact person
Service Recrutement

Go back