arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an d'Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.
D'Crèche Nidderaanwen bitt e liewege Raum fir ronn 80 Kanner, déi a fënnef altersgerecht Gruppen ënnerdeelt sënn. Eng engagéiert a motivéiert Equipe aus pädagogesche Mataarbechter suerge fir eng häerzlech a professionell Atmosphär. D'Kanner kennen net nëmme vu verschiddene hellen a moderne Raimlechkeete bannen, mee och zwou grouss Platze bausse profitéieren, déi Raum fir Entdeckung a Beweegung bidden. D'Aarbecht an der Crèche Nidderaanwen - Schaffen an engem kreativen an ënnerstëtzendem Ëmfeld, bei der net nëmmen d'Entwécklung vun de Kanner, mee och déi perséinlech Entwécklung vun de Mataarbechter gestäerkt gëtt.
Responsabilitéiten
Mir sichen motivéiert, passionéiert an dynamesch Leit mam Ofschloss Educateur diplômé fir 30 Stonnen/ Woch, CDI fir eis Crèche zu Nidderaanwen.
Obligatoresch Ufuerderungen
Du hues Loscht däi Wësse mat Aneren ze deelen an deng Kompetenzen anzesetzen
Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom
Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen
Du bass flexibel an den Aarbechtszäiten
Mir bidden
Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen
Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS
En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen
Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass
En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld
Du bass interesséiert? Da schéck eis deng Kandidatur!
Mir freeën eis dech kennen ze léieren.
(bei enger Astellung froen mir de casier judiciaire)
