Chargé de direction – Kannerhaus Gréiwemaacher (m/w/d)

Arcus
Job location: L-6778 Grevenmacher
Job type: Permanent contract Full time
Category: Managment/Human Resources

Go back

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.


Du bass op der Sich no enger neier Erausfuerderung? Du hues Loscht Entscheedungen an engem dynameschen Team vun engem Kannerhaus matzegestalten. 


Mir sichen als Verstäerkung vun der Equipe dirigeante vun dem Kannerhaus Gréiwemaacher: Chargé de direction (m/w/d) – 30-40 Stonnen/Woch CDI

Als Deel vun der Equipe dirigeante bass du responsabel fir d’administrativ Leedung, den organisatoreschen Oflaf an d’Personalentwécklung.


Mir bidden dir

  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bidd fir dech mat dengen Iddien a pedagogesch Kompetenzen anzebréngen
  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass
  • E multidisziplinär a kollegiaalt Aarbechtsëmfeld
  • Eng Platz, déi dir Stabilitéit an eng villverspriechend Zukunft am Beräich vun der Aide à l'enfance et à la famille gëtt.
  • E Gehalt am Kader vum SAS-Kollektivvertrag


Obligatoresch Ufuerderungen

  • Du bass dynamesch an engagéiert an der Entwécklung vun neie Projeten
  • Du hues d’Fäegkeet an d’Bereetschaft eng Equipe ze leeden an hues mindestens 5 Joer Erfarung am stationäre Kanner- a Jugendhëllef
  • Du hues Loscht däi Wësse mat Aneren ze deelen an deng Kompetenzen anzesetzen
  • Du hues een a Lëtzebuerg unerkannte Bachelor oder Master a Sozial- an Erzéiungswëssenschaften
  • Du kanns selbstänneg schaffen
  • Du hues exzellent Lëtzebuergesch-, Franséisch- an Däitschkenntnisser


(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)

Go back

rue Schaffmill11
L-6778 Grevenmacher
Contact person
Service Recrutement

Go back