Membre équipe dirigeante (m/w/d) 40 St/W CDI

Elisabeth
Job location: 9768 Reuler
Job type: Permanent contract Full time
Category: Social work
Chiffre: Maison Relais Packatuffi Reiler

Go back

Är Aufgaben:

* Kannergruppen (Kanner am Alter vun 3 bis 12 Joer) an ennerstëtzung vun der Directioun vun der Maison Relais Packatuffi Reiler

 

Äre Profil:

* Eng zu Lëtzebuerg unerkannten Ausbildung mat Minimum Niveau Bac+3 am socio-éducative Beräich (Educateur gradué, Sozialpädagog, etc)
* Eng Beruffserfarung vu 5 Joer a Kenntnisser an der Leedung vun engem Grupp kënne vu Virdeel sinn
* Déi 3 Landessprooche beherrschen (L/D/F). Lëtzebuergesch ass eng Viraussetzung am Ëmgang mat de Kanner an den Elteren. Besonnesch auslännesch Kanner solle jo hei bei eis integréiert ginn an dat geschitt och iwwert d'Sprooch. Si ass eng Basis fir dem Kand säin Erfolleg spéider hei an der Schoul.
* Gutt Kenntnisser vun der Entwécklung vum Kand, besonnesch am Alter vun 3-12 Joer
* Gutt Kenntnisser vum “Nationaler Rahmenplan zur non-formalen Bildung im Kindes- und Jugendalter” a vum Konzept  vun elisabeth fir den Service d’éducation et d’accueil
* Ee gültegen Éischthëllefscours gemaach hunn
* No flexibelen Auerzäite schaffe kënnen (d’ Maison Relais ass am Prinzip vu moies 07.00 Auer bis owes 19.00 Auer op)
* Gutt Computerkenntnisser (MS-Office); eng ganz Rei vun Dokumenter gi via PC tëschent den eenzelne Servicer vun der MR transféreiert. Et ass also wichteg, dass Dir eng gewësse Liichtegkeet am Ëmgang mam Computer hutt
* Eng grouss Motivatioun fir an engem Beräich, dee sech stänneg weiderentwéckelt, Responsabilitéit ze iwwerhuelen
* De Führerschäin Klass B
* Verantwortungsbewosstsinn (Grëndlechkeet, Suergfalt, Zouverlässegkeet, Eegeverantwortung an Dynamismus)
* Wäertschätzung a Kooperatiounsfäegkeet
* Flexibilitéit
* Teamfäegkeet an Hëllefsbereetschaft
* Bereetschaft sech mat a fir Kanner a Jonker an hiren Familljen ze engagéieren

 

Mir bidden:

* 40 St/W Aarbechtskontrakt op onbegrenzten Zäit
* Dës Plaz fält ënnert de SAS-Kollektivvertrag

Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn

    Casier judiciaire no 4 a 5
    Führerschäin Klass B
    Eischt Hëllefscours

Delai fir d’Kandidatur: 13.2.2025

Wann et fir Iech selbstverständlech ass, Jonker ze betreien a mat hinnen zesummen di Zäit bei eis kreativ mat ze gestalten, da schéckt ons Är Kandidatur online eran

(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL GINN NET BERÜCKSICHTEGT)

Go back

Maison Relais Packatuffi Reiler
Maison 84
9768 Reuler
Contact person
Jutta Meyer

Go back

Zum Seitenanfang springen
Apply