Gemeisgärtner - Atelieren Lampech (w/m/x) - CDI Vollzäit

APEMH
Job location: Lampech
Job type: Permanent contract Full time
Category: Cleaning/Gardening

Go back

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht, fir hir Atelieren zu Lampech, een diploméierten Gemeisgäertner (w/m/x) fir ee CDI - 40 Stonnen/Woch - fir ab dem 01.09.2024.


Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).


Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.


Responsabilitéiten

Mat engem Grupp vun Léit mat enger intellektueller Beanträchtegung innovativ an kreativ an Ärer Beruffsbranch schaffen.


Obligatoresch Ufuerderungen

D’Kandidate sollen:

  • Am Besetz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom als Paysagist oder Gemeisgäertner sinn
  • Iwwert Beruffserfarung verfügen
  • Sënn vu Verantwortung hunn fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung
  • Iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen
  • Equipeaarbecht als Bestand vu dëser Aarbecht ugesinn
  • Eegestänneg an organiséiert schaffen kënnen
  • Déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen
  • De Führerschäin Klass B hunn



Wënschenswäert Ufuerderungen

De Führerschäin Klass C ass vu Virdeel.


Mir bidden

  • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen.
  • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.

Go back

10, rue du Château
L-4976 Bettange-sur-Mess
Contact person
Audrey Grebil

Go back