Geff Deel vum "Natur on Tour" - Team (m/w/d) 25-35 St/W

Elisabeth
Job location: Luxembourg
Job type: Permanent contract Part time
Category: Social pedagogue

Go back

Natur on Tour ass ee mobile naturpädagogesche Projet, deem seng Haaptmissioun ass, de Kanner an
dem Fachpersonal vun Elisabeth Enfance – SEA d’Natur op enger spillerescher Aart a Weis ze
vermëttelen

Är Aufgaben:

* Sensibiliséierungs-Aktivitéiten zur Natur an Ëmwelt animéieren
* Pedagogesch a spilleresch Materialien entwéckelen, ugepasst un d’Kanner aus eisen SEA
Strukturen
* Mathëllefen bei der Organisatioun an der Logistik vun eisen Outdoor Aktivitéiten

Äre Profil:

* Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom : z. Bsp an der Natur – oder Emweltbildung,
Géographie, Biologie oder Pedagogik, respektiv eng ofgeschlosse Leier an engem
Handwierk als Gäertner, Schräiner, ...
* Déi 3 Landessprooche beherrschen (L/D/F). Lëtzebuergesch ass eng Viraussetzung
* Computerkenntnisser (MS-Office)
* De Führerschäin Klass B
* Naturpädagogescht Wëssen hunn an sech och an deem Beräich weider forméiere wëllen
* Gären mat Kanner am Alter vun 2-12 Joer bei all Wieder dobaussen ënnerwee sinn
* Innovativ a kreativ sinn
* Verantwortungsbewosstsinn
* Gutt kommunikativ Fäegkeeten
* Teamfäegkeet sou wéi och Selbststännegkeet
* Flexibel sinn
* Bewosstsinn fir Uerdnung, Struktur an Organisatioun
* Éischt Hëllefscours (net méi al wéi 5 Joer)

Mir bidden:

* Ee mobilen Service
* Geleeënheet d’Iddien an engem klenge Team mat an ze bréngen
* Ofwiesslungsräiche Alldag
* Méiglechkeet sech an der Naturpädagogik weider ze bilden
* Begleedung an Ënnerstetzung
* Geleeënheet d’Fachpersonal vum SEA ze begleeden an ze forméieren
* Dës Plaz fält ënnert de SAS-Kollektivvertrag
* 25-35 St/W Aarbechtskontrakt op onbegrenzten Zäit

Wann et fir Iech selbstverständlech ass, Kanner a Jonker ze betreien a mat hinnen zesummen di Zäit bei eis kreativ mat ze gestalten, da schéckt ons Är Kandidatur online eran.

Délai fir d'Kandidatur: 24.07.2025

(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL, GINN NET BERÜCKSICHTEGT)

Go back

Luxembourg
Contact person
Michael Schenk

Go back

Did you apply for this job?

Geff Deel vum "Natur on Tour" - Team (m/w/d) 25-35 St/W at Elisabeth

Go back

Zum Seitenanfang springen
Apply