Crèche Am Butzenascht - Crèche de la Fonction publique
sicht fir direkt oder no Ofsprooch eng Persoun fir de Posten ze besetzen vum
ERZÉIER
e CDD 40 Stonne/Woch fir 1 Joer oder méi a Bezuelung nom CCT-SAS
fir d'Betreiung vu Kanner vun 2 Méint bis 4 Joer.
Mir consideréieren Kandidaten, déi den Ofschloss als diplôméierten Erzéier hunn, respektiv als agent socio-pédagogique oder auxiliaire de vie mat Erfarung an deem Secteur.
D'Kandidate musse Lëtzebuergesch schwätzen an hir Demande op Lëtzebuergesch mat gutt begrënntem Motivatiounschreiwes, detailléiertem Liewenslaf, enger rezenter Foto souwéi enger Kopie vum Diplôm oder Equivalenz eraschécken un:
Crèche Am Butzenascht - Crèche de la Fonction publique
13, rue du Berger
L-9161 Ingeldorf