Summerersatz-Buanderie a Kichen - Centre Nossbierg (w/m/x)

APEMH
Job location: Esch-sur-Alzette
Job type: Fixed-term contract Full time
Category: Other jobs

Go back

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Buanderie a Kichen um Centre Nossbierg zu Esch/Uelzecht, Summerersatz (polyvalent Mataarbechter) fir CDD - 40 Stonnen/Woch, fir d'Summervakanz.


Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken ( CV, Motivatiounsbréif ...).


Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.


Responsabilitéiten

Är Aufgabeberäicher sinn:

 

Déi ënnerschiddlech Aarbechten ze maachen, déi an eiser Buanderie (Wäschen, Strecken, Falen) oder Kichen ufalen.

Eng Équipe vun Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung bei der Aarbecht ze begleeden.


Obligatoresch Ufuerderungen

D'Kandidate sollen:

  •   motivéiert sinn, fir autonom, organiséiert an polyvalent ze schaffen
  •   motivéiert sinn, an enger Ekipp ze schaffen
  •   Verantwortung iwwerhuelen kennen
  •   déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen 
  •   de Führerschäin Klass B hunn



Go back

10, rue du Château
L-4976 Bettange-sur-Mess
Contact person
Audrey Grebil

Go back