Eng Aide-Educative (m/w/d)

Elisabeth
Job location: 5635 Mondorf-les-Bains
Job type: Permanent contract Part time Full time
Category: Social work
Chiffre: Elisabeth Handicap

Go back

Är Aufgaben:

  • Begleedung a Betreiung vun Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung a mat erausfuerderndem Verhaalen an eisem Wunnberäich
  • Erfellen vun fleegereschen a pedagogeschen Aufgaben
  • Ausschaffen sou wei ëmsetzen a dokumentéieren vun adaptéierten a bedürfnisorientéierten Moossnamen

Äre Profil:

  • Erfarungen am Beräich vu Léit mat Verhaalensopfällegkeeten an/oder mat enger intellektueller Beanträchtegung sinn vu Virdeel
  • D’Lëtzebuerger Sprooch ass vu Virdeel
  • Kreativitéit a handwierklech Kompetenzen sin ebenfalls vu Virdeel
  • Teamfäegkeet, Flexibilitéit,Verantwortungsbewosstsin a Kooperatiounsbereetschaft sinn onëmgänglech
  • Bereetschaft sech mat a fir Mënschen mat enger Beanträchtegung ze engagéieren
  • Computerkenntnisser fir déi alldäglech Dokumentatioun
  • Bereetschaft eng Formatioun als ASF ze maache wär vu Virdeel

Mir bidden:

  • 20-40 St/W Aarbechtskontrakt op onbegrenzten Zäit
  • Dës Plaz fält ënnert de SAS-Kollektivvertrag

Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn

  • Droit d'exercer
  • Casier judiciaire no 4 a 5
  • Führerschäi Klass B
  • Eischt Hëllefscours

Delai fir d'Kandidatur: 19.09.2024


Wann et fir Iech selbstvertändlech ass, Mënsche mat Beanträchtegung ze hëllefen an dozou bäizedroen, hiert Liewen bei ons angenehm ze gestalten, da schéckt ons Är Online-Kandidatur.

(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL GINN NET BERÜCKSICHTEGT)

Go back

6 avenue Marie-Adélaïde
5635 Mondorf-les-Bains
Contact person
Bernd Hoffmann
Phone +352236101

Go back