Mir sichen fir eise Service d’Activités de Jour zu Capellen
en-g Educateur-trice diplômé-e (m / w / d)
(Réf.: SAJ 01/2025)
CDI 40-Stonne-Woch
Är Missioun:
· Mënsche mat enger Beanträchtegung an hirer Autonomie a perséinlecher Entwécklung ënnerstëtzen a begleeden.
· Ofwiesslungsräich a strukturéiert Dagesaktivitéiten gestalten
· Fir eng schéin an häerzlech Ambiance suergen
· Soins an actes essentiels de la vie
· Zesummenaarbecht an enger multidisziplinärer Equipe
Äre Profil:
· Freed a Loscht hunn, mat Mënschen ze schaffen, déi eng intellektuell Beanträchtegung hunn.
· Kontaktfreedeg a kreativ sinn, Equipegeescht hunn, autonom schaffen a Verantwortung iwwerhuele kënnen.
· Flexibel sinn an de Courage hunn, sech och mol op schwiereg Situatiounen anzelossen.
· Lëtzebuergesch, däitsch a franséisch schwätzen a schreiwe kënnen.
· Informatesch Kenntnisser an e Führerschäin Klass B hunn.
Fir weider Informatiounen, mellt Iech um 621 262 273.
Eng éischt Auswiel gëtt op Basis vum Dossier gemaach.
Am Fall vun enger Astellung gëtt en Extrait aus dem Casier judiciaire gefrot.
D’Kandidature (Motivatiounsbréif, Curriculum Vitae, Diplomer) kënne bis spéitstens de 17.1.2025 geschéckt ginn un:
Ligue HMC a.s.b.l.
Direction
B.P. 49
L-8301 Capellen
oder per Mail un [email protected]
www.ligue-hmc.lu