Mir sichen fir eis semi-autonom Wunngemeinschaften
en-g éducateur-trice diplômé-e (m/w/d)
(Réf.: WG 09/2024)
CDI 40 Stonnen/Woch
Är Missioun:
· Mënsche mat enger Beanträchtegung an hirer Autonomie ënnerstëtzen a si am Alldag, an hirer Fräizäit an an hirem sozialen Ëmfeld begleeden.
· Zesumme mat de Bewunner hire perséinleche Liewensprojet gestalten.
· Zesummenaarbecht an enger multidisziplinärer Equipe.
Äre Profil:
· Loscht hunn, mat Mënschen ze schaffen, déi eng intellektuell Beanträchtegung hunn.
· Kontaktfreedeg sinn an Equipegeescht hunn, autonom schaffen a Verantwortung iwwerhuele kënnen.
· Flexibel sinn an de Courage hunn, sech och mol op schwiereg Situatiounen anzeloossen.
· Lëtzebuergesch, däitsch a franséisch schwätzen a schreiwe kënnen.
· Gutt redaktionnell Kompetenzen hunn.
· Informatesch Kenntnisser an e Führerschäin Klass B hunn.
Am Fall vun enger Astellung gëtt en Extrait aus dem Casier judiciaire gefrot.
Fir weider Informatiounen, mellt Iech um 621 454 067.
Eng éischt Auswiel gëtt op Basis vum Dossier gemaach.
D’Kandidature (Motivatiounsbréif, Curriculum Vitae, Diplomer) kënne bis spéitstens den 26. September 2024 geschéckt ginn un:
Ligue HMC a.s.b.l.
Direction
B.P. 49
L-8301 Capellen
oder per Mail un [email protected]
www.ligue-hmc.lu