een Psycholog - Atelieren Housen (w/m/x)

APEMH
Job location: Housen
Job type: Permanent contract Full time
Category: Psychology/Psychiatry

Go back

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Atelieren zu Housen, een Psycholog (w/m/x) fir ee CDI 20 oder 30 Stonnen/Woch - fir direkt oder no Ofsprooch.


Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).


Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.


Responsabilitéiten

Är Missiounen sin d'Berodung a d'Begleedung am psychologesche Beräich vum edukativen an technesche Personal a vun de Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung.


Obligatoresch Ufuerderungen

D’Kandidate sollen:


  • am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom als Psycholog sinn
  • iwwert Beruffserfarung verfügen
  • Sënn vu Verantwortung hunn fir en optimale professionellen Encadrement vu Persoune mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren
  • iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen
  • eegestänneg an organiséiert schaffe kënnen
  • Equippegeescht hunn
  • déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen
  • de Führerschäin Klass B hunn



Mir bidden

  • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen
  • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vu Persoune mat enger Beanträchtegung

Go back

10, rue du Château
L-4976 Bettange-sur-Mess
Contact person
Audrey Grebil

Go back