een geléierten Techniker DAP (Heizung-Sanitär) oder en techneschen Mataarbechter (w/m/x)

APEMH
Job location: . Bettange-sur-Mess
Job type: Permanent contract Full time
Category: Other jobs

Go back

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Atelieren zu Betten, een geléierten Mataarbechter am Beräich Heizung-Sanitär oder an engem aaneren techneschen Beräich, fir een CDI 40 Stonnen/Woch – fir direkt oder no Ofsprooch.

 

Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).

 

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

 

Responsabilitéiten

D'Heizungs- a Sanitärsaarbechten assuréieren esou wéi den Ënnerhalt vun de Gebaier an d'Ausbildung vun eise betreite Mataarbechter.

 

Obligatoresch Ufuerderungen

D’Kandidate sollen:

·        - Am Besetz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom (DAP) als Chauffagiste-Sanitaire sinn.

·        - Iwwert Beruffserfarung verfügen

·        - Sënn vu Verantwortung hunn fir en optimale professionellen Encadrement vu Persoune mat enger intellektueller Beanträchtegung

·        - Iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen

·        - Equipeaarbecht als Bestand vu dëser Aarbecht ugesinn

·        - Eegestänneg an organiséiert schaffe kënnen

·        - Déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen

·        - De Führerschäin Klass B hunn, den Führerschäin Klass C an de Code 95 ass vu Virdeel

 

 

Mir bidden

·        - attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen.

·        - en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Ziel vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vu Persoune mat enger Beanträchtegung.

 

Go back

.
. Bettange-sur-Mess
Contact person
Audrey Grebil

Go back