Är Aufgaben:
- Sécheren an hierstelle vum Wuelbefanne vun den uvertraute Bewunner
- Hëllef beim Encadrement an der Betreiung vun de Bewunner am Kader vum Gesamtkonzept vum Haus
- Selbstänneg plangen, organiséieren, duerchféieren an evaluéiere vun Aktivitéiten fir d'Bewunner (individuell an/oder am Grupp)
- Leeschtungen ausféieren anhand vun den individuelle Fleeg- a Betreiungspläng vun den uvertraute Bewunner
- Durchféiere vun enger korrekter Dokumentatioun a Betreiungsbilanen
Äre Profil:
- Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Erzéier (m/w/d)
- Berufflech Erfarung am Beräich Geriatrie an Demenz ass vu Virdeel
- Weiderbildungen am Beräich Fleeg a Betreiung vun eelere Menschen si vu Virdeel
- Kenntnisser an der lëtzebuergescher Sprooch (Niveau B2)
- Basis-Computerkenntnisser (MS-Office)
- Verantwortungsbewosstsinn (Grëndlechkeet, Suergfalt, Zouverlässegkeet, Eegeverantwortung an Dynamismus)
- Teamfäegkeet, Kooperatiounsfäegkeet a Flexibilitéit
- Wäertschätzung an Hëllefsbereetschaf
- Bereetschaft sech mat a fir Mënschen ze engagéieren
Mir bidden:
- 40 St/W Aarbechtskontrakt op onbegrenzten Zäit
- Dës Plaz fällt ënnert den SAS-Kollektivvertrag
Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn
- Droit d’exercer
- Casier judiciaire no 4
- Führerschäi Klass B
- Eischt Hëllefscours
Délai fir d'Kandidatur: 17.10.2024
Wann et fir Iech selbstvertändlech ass, eelere Mënschen ze hëllefen an dozou bäizedroen, hiert Liewen bei ons angenehm ze gestalten, da schéckt ons Är Online-Kandidatur.
(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL, GINN NET BERÜCKSICHTEGT)
Foyer Ste Elisabeth Beetebuerg
4 rue de la Tannerie
3288 Bettembourg
Contact person
Pascale Bleser
Phone
+352 51 16 06 - 1