een diploméierten Floriculteur (Zierpflanzenzüchter) - (w/m/x)

APEMH
Job location: Bettembourg
Job type: Permanent contract Full time
Category: Other jobs

Go back

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht, fir hiren Parc Merveilleux zu Beetebuerg, ee geléierten Floriculteur (Zierpflanzenzüchter), fir ee CDI an Vollzäit - fir direkt oder no Ofsprooch.

 

Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).

 

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.




Responsabilitéiten

·        Mat engem Grupp vun Léit mat enger intellektueller Beanträchtegung innovativ an kreativ an Ärer Beruffsbranch schaffen.

·        Sech em d’vermehren an kultivéieren vun verschidden Arten vun Planzen këmmeren an d’Beplanzungen an den Entretien vun deenen eenzelnen Parterren iwwerhuelen.




Obligatoresch Ufuerderungen

D’Kandidate sollen:

·        Am Besetz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom als Floriculteur sinn

·        Iwwert Beruffserfahrung verfügen

·        Sënn vu Verantwortung hunn fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren

·        Iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen

·        Equipeaarbecht als Bestand vu dëser Aarbecht ugesinn

·        Eegestänneg an organiséiert schaffen kënnen

·        Déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen

·        De Führerschäin Klass B hunn




Mir bidden

·        attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen.

·        en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.

 

Go back

10, rue du Château
L-4976 Bettange-sur-Mess
Contact person
Audrey Grebil

Go back