D'APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Déierenpensioun zu Lampech een diploméierten Déierefleeger fir ee CDD (Fir eng Dispense an een Congé de Maternité ze ersetzen) - 32 Stonnen/Woch fir direkt oder no Ofsprooch.
Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).
Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.
Responsabilitéiten
Aarbechten sinn (Schichten schaffen tëschent 6.00 Auer an 22.00 Auer):
- Botzen vun den Hond an Kazen Geheger
- Fiederung an Beschäftegung vun Hond an Kaz
- Fleeg vun kranken Déieren
- am Kontakt mam Client sinn
- Betreiung vun enger Équipe Mataarbechter mat enger intellektueller Beanträchtegung
Obligatoresch Ufuerderungen
D'Kandidate sollen:
- am Besëtz vun engem, zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom als Déierefleeger sinn
- déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen
- eegestänneg an organiséiert schaffen kënnen
- Sënn fir Verantwortung hunn
- de Führerschäin Klass B hunn
Wënschenswäert Ufuerderungen
Beruffserfarung an Erfarung am Beräich vun Hond an Kazen Pensioun ass vu Virdeel.
Mir bidden
- attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen.
- en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.
