Een ASF/ ASF en formation (w/m/x) - Service CARR Sud

APEMH
Job location: . Esch/Uelzecht
Job type: Permanent contract Part time
Category: Social pedagogue

Go back

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hiren Service CARR (Centre d'activités, de réadaptation et de rencontre) zu Esch/Uelzecht, een ASF / ASF en formation - CDI - 20 Stonnen/Woch - fir direkt oder no Ofsprooch.


Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif, Autorisation d'exercer ...).


Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.


Responsabilitéiten

  • Kanner a Jugendlecher mat intellektueller Beanträchtigung, no der Schoul a wärend de Vakanzen, an hirem Alldag ze ennerstetzen an ze begleeden.
  • diversifiéiert Spill-a Fräizäitaktivitéiten ze organiséiren
  • d'Kanner an d'Jugendlecher an hieren individueller Entwécklung begleeden.
  • Projet mat ausschaffen, déi sech un d'Bedürfnisser vun de Kanner a Jugendlecher orientéiren.
  • an engem reegelméissegen a professionnellem Austausch mat den Elteren sinn.


Obligatoresch Ufuerderungen

D’Kandidate sollen:

  • am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn
  • Beruffserfarung hunn
  • zouverlässeg sinn
  • d'Fäegkeet hunn an engem Team ze schaffen
  • kommunikativ a relational Kompetenzen hunn
  • iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen
  • eegestänneg an organiséiert schaffe kënnen
  • déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen
  • de Führerschäin Klass B hunn


Mir bidden

  • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen.
  • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.

Go back

.
. Esch/Uelzecht
Contact person
Audrey Grebil

Go back