Een Aide-soignant (m/w/d) 32-40 St/W CDI -

Elisabeth
Job location: Bettembourg
Job type: Permanent contract Part time Full time
Category: Care assistant
Chiffre: Foyer Ste Elisabeth

Go back

Är Aufgaben / Votre mission / Ihre Aufgaben
Begleedung an Hellefstellung vun eise Bewunner am Alldag, déi an eisem Altersheem liewen
Betreien a Fleegen vun eise Bewunner no de Richtlinien vun eisem Fleege- an Betreiungskonzept
Eegeverantwortlecht an eegestännegt Ëmsetzen vun deenen am Team geplangten fleegereschen an betreiereschen Mossnahmen.
Duerch d’Matwierken am Haus an am Wunnberäich dozou bäidroen, dass d’Bewunner sech bei eis wuelfillen.


Äre Profil / Votre profil / Ihr Profil
Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Aide-Soignant (m/w/d)
Berufflech Erfarung am Beräich Geriatrie an Demenz ass vu Virdeel
Weiderbildungen am Beräich Fleeg a Betreiung vun eelere Menschen si vu Virdeel
Kenntnisser an der lëtzebuergescher Sprooch (Niveau B2)
Basis-Computerkenntnisser (MS-Office)
Verantwortungsbewosstsinn (Grëndlechkeet, Suergfalt, Zouverlässegkeet, Eegeverantwortung an Dynamismus)
Teamfäegkeet, Kooperatiounsfäegkeet a Flexibilitéit
Wäertschätzung an Hëllefsbereetschaf
Bereetschaft sech mat a fir Mënschen ze engagéieren


Mir bidden / Nous vous offrons / Wir bieten Ihnen
32-40 St/W Aarbechtskontrakt op onbegrenzten Zäit
Dës Plaz fält ënnert de SAS-Kollektivvertrag
Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn

Droit d’exercer
Casier judiciaire no 4
Führerschäin Klass B
Eischt Hëllefscours
Delai fir d’Kandidatur: 17.07.2025

Wann et fir Iech selbstvertändlech ass, eelere Mënschen ze hëllefen an dozou bäizedroen, hiert Liewen bei ons angenehm ze gestalten, da schéckt ons Är Online-Kandidatur.

(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL GINN NET BERÜCKSICHTEGT)

Go back

22, bd Joseph II
L-1840 Luxembourg
Contact person
Pascale Bleser

Go back

Did you apply for this job?

Een Aide-soignant (m/w/d) 32-40 St/W CDI - at Elisabeth

Go back

Zum Seitenanfang springen
Apply