Är Aufgaben:
* Begleedung an Hellefstellung vun eise Bewunner am Alldag, déi an eisem Altersheem liewen
* Betreien a Fleegen vun eise Bewunner no de Richtlinien vun eisem Fleege- an Betreiungskonzept
* Eegeverantwortlecht an eegestännegt Ëmsetzen vun deenen am Team geplangten fleegereschen an betreiereschen Mossnahmen.
* Duerch d'Matwierken am Haus an am Wunnberäich dozou bäidroen, dass d'Bewunner sech bei eis wuelfillen.
Äre Profil:
* Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Aide-Soignant (m/w/d)
* Berufflech Erfarung am Beräich Geriatrie an Demenz ass vu Virdeel
* Weiderbildungen am Beräich Fleeg a Betreiung vun eelere Menschen si vu Virdeel
* Kenntnisser an der lëtzebuergescher Sprooch (Niveau B2)
* Basis-Computerkenntnisser (MS-Office)
* Verantwortungsbewosstsinn (Grëndlechkeet, Suergfalt, Zouverlässegkeet, Eegeverantwortung an Dynamismus)
* Teamfäegkeet, Kooperatiounsfäegkeet a Flexibilitéit
* Wäertschätzung an Hëllefsbereetschaf
Mir bidden:
* 32-40 St/W Aarbechtskontrakt op (on)begrenzten Zäit
* Dës Plaz fält ënnert de SAS-Kollektivvertrag
Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn
* Droit d'exercer
* Casier judiciaire no 4
* Führerschäin Klass B
* Eischt Hëllefscours
Delai fir d'Kandidatur: 6.3.2025
Wann et fir Iech selbstvertändlech ass, eelere Mënschen ze hëllefen an dozou bäizedroen, hiert Liewen bei ons angenehm ze gestalten, da schéckt ons Är Online-Kandidatur.
(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL GINN NET BERÜCKSICHTEGT)