Är Aufgaben:
* Dir sidd zoustänneg fir den Ënnerhalt vum Gebäi, den Alentouren an dem Fuhrpark
* Divers deeglech Handwierksaarbechten, Renovatioun oder Reparaturen
* D'Offallwirtschaft
* Dir iwerhuelt Zoustänegkeet vum Secherheetsbeoptraachten
* Dir sidd bedeelegt un der Virbereedung vun verschiddenen Aktivitéiten am Haus (saisonal Dekoratioun, Fester a Manifestatiounen)
Äre Profil:
* Eng zu Lëtzebuerg unerkannten Ausbildung als Elektriker oder Heizungsmonteur as vu Virdeel
* Gutt Kenntnisser a Fäegkeeten an diversen techneschen an handwierkleche Beräicher
* Erfarung am Usträicherberäich, der Beaarbechtung vun Holz oder Metall souwei och Montageaarbechten sinn vu Virdeel
* Computerkenntnisser (MS-Office)
* Kenntnisser vun den 3 Landessprooche (L/D/F)
* Zouverlässegkeet, Diskretioun, Flexibiltéit, Disponibilitéit, Dynamismus an Exaktheet
* Kommunikativ Fäegkeeten an Teamgeescht
* Dir schafft gäer am Kontakt mat de Bewunner a mat den Mataarbechter aus de verschiddensten Beruffsgruppen an Dir sidd bereet Iech mat a fir Menschen ze engagéieren
Mir biden:
* 40 St/W Aarbechtskontrakt op onbegrenzten Zäit
* Dës Plazen falen ënnert den SAS-Kollektivvertrag
Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn
* Casier judiciaire no 4
* Führerschäin Klass B
* Eischt Hëllefscours
Delai fir d'Kandidatur: 13.03.2025
Wann et fir Iech selbstvertändlech ass, eelere Mënschen ze hëllefen an dozou bäizedroen, hiert Liewen bei ons angenehm ze gestalten, da schéckt ons Är Online-Kandidatur.
(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL, GINN NET BERÜCKSICHTEGT)