Är Aufgaben / Votre mission / Ihre Aufgaben
- Schaffen an alle Beräicher vun der Wäscherei: Belueden an Entlueden vun de Maschinen, Schaffen un der Mangel a Strecken op professionnelle Maschinen, Sortéieren a Faale vun der Wäsch, Apake vun der Wäsch, Wäsch zeeschen
- An alle Prozesser, zesummeschaffe mat Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung
Äre Profil / Votre profil / Ihr Profil
- Dir hutt Erfahrung am Wäscherei an/oder am Textil Beräich
- Dir schafft gären a gutt am Team
- Dir sidd flexibel an unpassungsfäeg
- Dir sidd belaaschtbar a physesch fit
- Dir hutt Grondkenntnisser an der PC-Arbecht
- Dir schwätzt Lëtzebuergesch
- Dir hutt Interessi un der Zesummenaarbecht mat Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung
Mir bidden / Nous vous offrons / Wir bieten Ihnen
- Eng interessant an ofwiesselungsräich Aarbecht
- Schaffen an engem modernen an dynamesche Betrib an deem Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung schaffen
- Schaffen op dem neiste Stand vun der Technik
- Bezuelung an Aarbechtskonditiounen laut Kollektivvertrag aus dem Sozialen Secteur
Wann et fir Iech selbstverständlech ass, Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung ze hëllefen an dozou bäizedroen, hiert Liewen bei ons angenehm ze gestalten, da schéckt ons Är Online-Kandidatur.
(KANDIDTAUREN OP PABEIER ODER PER MAIL, GINN NET BERÜCKSICHTEGT)