Är Aufgaben / Votre mission / Ihre Aufgaben
- Verkaf an der Brasserie an am Shop
- Zoubereeden an Zervéiere vu preparéiertem Iessen aus dem KichenAtelier
- Gestioun vun de Reservatiounen iwwer Telefon an Email
- Kontakt mat de Fournisseuren an de Partner vum Päiperleksgaart
- Gestioun vun de Keesen am Alldag
- Betreiung vun de Mataarbechter:inne mat enger intellektueller Beanträchtegung
Äre Profil / Votre profil / Ihr Profi
- Dir hutt Erfahrung an der Restauratioun an/oder am Verkaf
- Dir sidd bereet Weekender a Feierdeeg ze schaffen
- Dir sidd verantwortungsbewosst, schafft selbstänneg an denkt mat
- Dir sidd organiséiert a bleiwt roueg bei vill Betrib a Stress
- Dir schafft gären am Team
- Dir hutt e gudden Ëmgang mam Client an hutt e frëndlecht a professionnellt Optrieden
- Dir sidd flexibel wat d'Aarbechtszäiten ugeet an Dir sidd bereet mindestens 1x am Moubt de Weekend an och mol op engem Feierdag ze schaffen
- Dir sidd interesséiert un der Aarbecht mat Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung
- Gutt Kenntnisser vun de Sprooche, Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch
- Gutt Kenntnisser vun Outlook, Word an Excel a Liichtegkeet am Emgang mam PC
Mir bidden / Nous vous offrons / Wir bieten Ihnen
- Eng interessant an ofwiesslungsräich Aarbecht an enger beléifter Touristenattraktioun op der Musel
- Schaffen an engem klengen Team mat kuerze Weer
- Schaffen an engem modernen an dynamesche Betrib
- Bezuelung an Aarbechtskonditiounen laut Kollektivvertrag aus dem Sozialen Secteur
De Posten ass fir Weekends a Feierdeeg!
Disponibilitéit: 17.03.2025 - 31.10.2025
Wann et fir Iech selbstverständlech ass, Mënsche mat Beanträchtegung ze hëllefen an dozou bäizedroen, hiert Liewen bei ons angenehm ze gestalten, da schéckt ons Är Online-Kandidatur.
(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL, GINN NET BERÜCKSICHTEGT)
Jardins des Papillons
56 route de Trèves
6793 Grevenmarcher
Contact person
Maud Hansen
Phone
+352 71 93 19 - 1