Ee Chef de Service am Beräich Fleeg (m/w/d)

Elisabeth
Job location: 2420 Luxembourg
Job type: Fixed-term contract Full time
Category: Elderly care

Go back

Är Aufgaben:

  • Organiséieren vu professionellen, multidisziplinären Aarbechtsofleef am Kader vun onsem Konzept
  • Koordinatioun a Evaluatioun am Beräich mam Ziel eng qualitativ héichwäerteg  Fleeg a Betreiung ze assuréieren :  fachlech sécher a mënschlech respektvoll
  • Sécherstelle vun enger professioneller Kommunikatioun a  Dokumentatioun
  • Uspriechpartner a Beroder sinn fir Bewunner a Familljen a Kollaboratioun mat alle Chefs de Service an der Direktioun
  • Leeden  vun enger Equipe vu Mataarbechter aus verschiddene Beruffsgruppen
  • An Zesummenaarbecht mat de Virgesetzten Astellung, Uleedung a Entwécklung vu neie Mataarbechter a Stagiairen
  • Gestioun vu Schaff- an Congéspleng no SAS Kollektivvertrag
  • Gestioun vum Material aus dem Beräich
  • Virschloen a Matschaffen u neien Projetë

Äre Profil:

  • Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom an engem soziale oder paramedezineschen Beruff (m/w/d)
  • Beruffserfarung oder eng speziell Ausbildung am Beräich Fleeg a Betreiung vun eelere Mënschen
  • Erfarung an/ oder Weiderbildung am Beräich Leadership a Matarbechterentwécklung
  • Freed a Bereetschaft Mataarbechter aus verschiddene Beruffsgruppen ze leeden an begleeden
  • Mindestens 2 vun denen 3 Landerssproochen beherrschen
  • Computerkenntnisser (MS-Office an/ oder Fleegedokumentatioun-Software)
  • Kenntnisser am Beräich Fleegeversécherung
  • Kenntnisser vum Aarbechtsrecht an dem SAS-Kollektivvertrag
  • Ausgeprägten Verantwortungsbewosstsënn (Grëndlechkeet, Suergfalt, Zouverlässegkeet, Eegeverantwortung an Dynamismus)
  • Team- a Kommunikatiounsfäegkeet, Flexibilitéit
  • Wäertschätzung an Hëllefsbereetschaft
  • Freed a Bereetschaft sech mat a fir Mënschen ze engagéieren a matzeschaffen


Mir bidden:

  • 40 St/W Aarbechtskontrakt op begrenzten Zäit
  • Dës Plaz fält ënnert de SAS-Kollektivvertrag

Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn

  • Droit d'exercer (ggfs)
  • Casier judiciaire no 4
  • Führerschäin Klass B
  • Eischt Hëllefscours

Delai fir d'Kandidatur: 19.09.2023


Wann et fir Iech selbstvertändlech ass, eelere Mënschen ze hëllefen an dozou bäizedroen, hiert Liewen bei ons angenehm ze gestalten, da schéckt ons Är Online-Kandidatur.

 

(KANDIDATUREN OP PABEIER DER PER MAIL GINN NET BERÜCKSICHTEGT)

Go back

CIPA Ste Elisabeth AM Park an der Stad
19, avenue Emile Reuter
2420 Luxembourg
Contact person
Daniel MARX

Go back