D'Lëtzebuerger Rout Kräiz rekrutéiert
Een Sozialpedagog / Sozialaarbechter (M/F/D) – Referenz: 5591
fir säin néi Jugendwunnen+ zu Uewerglabech op Basis vun engem CDI mat 10 Stonnen/Woch.
Wat ass den Jundwunnen ?
Den Jugendwunnen riicht sech u jonk Erwuessener, tëschen 18 a 27 Joer, déi iwwer e reegelméissegt Akommes verfügen (CePAS, Léiergeld,Studenteprêt/-bourse…) an déi – duerch verschidde Liewensëmstänn – net an hirem Elterenhaus bleiwe konnten oder kënnen an sech nach keng Wunneng um Marché leeschte kënnen. Déi Jonk mussen hiert Liewe gréisstendeels autonom feiere kënnen a motivéiert sinn hir Ziler ze erreechen.
D’Struktur bidd 7 individuell Zëmmer, all mat eegent Buedzëmmer, an deelt verschidde gemeinschaftlech Raim (Kichen, Wäschraum, Iessraum, …).
Missiounen:
- Sozialpedagogesch Begleedung vun deenen jonken Erwuessenen
- Coaching an Interventiounen op Basis vun deenen individuellen Projet’ en vun deenen jonken Erwuessenen
- Administrativ Aufgaben
- Flexible Aarbechtszäiten no de Besoinen vun de Jonken (minimum 1x/Woch bis 20h)
Profil:
- Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Sozialpedagog.in / Sozialaarbechter.in
- Fachlech an sozial Kompetenzen
- Beherrschen vun deenen 3 Landessproochen ass Viraussetzung, all weider Sprooch ass vun Virdeel
- Teamfäegkeet, Zouverlässegkeet an Fäegkeet autonom ze schaffen
- Führerschäin Kat. B
Mir bidden Iech:
- Deel vun engem dynameschen an engagéierte Betrib ze sinn
- De CCT-SAS Kollektivvertrag, Karriäre C6
- Een ofwiesslungsräichen Aarbechtsberäich
- Deel vun engem motivéierten Team ze sinn
- Themespezifesch Formatiounen passend zum Aarbechtsberäich
Am Fall vun enger Astellung froen mir en Extrait vum Casier judiciaire.