Educateur diplomé (m/w/nb) CDI 16-25h ab direkt
fir d'Bëschcrèche zu Schëffleng (Schëfflenger Bëschzwergen)
(Kanner am Alter vun 2-4 Joer)
noutwenneg Kompetenzen
· een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Erzéier
· Lëtzebuergesch schwätzen
· naturpädagogesch Weiderbildungen si vu Virdeel, awer kee Muss
· motivéiert sinn no engem naturpädagogesche Konzept ze schaffen
· Freed mat de Kanner de Bësch zu all Joreszäit ze entdecken
· Flexibilitéit an den Aarbechtszäiten
· Teamfäeg sinn
· Verantwortungsbewosst sinn
· eegen Initiative weisen
· sech op Neies aloossen
mir bidden
· Ee Patron (A.P.A.S.E. a.s.b.l.) dee mat dräi Crèchenhaiser gutt a sécher opgestallt ass.
· Ee variéiert an interessant Aarbechtsëmfeld am Liewensraum „Bësch“
· D'Méiglechkeet an enger engagéiert Equipe ze schaffen.
· Eng Festustellung CDI 16-25 Stonnen/Woch
· Eng Carrière C4 (laut dem Educateurs Diplom) am CCT SAS
Bei enger Astellung froe mir de Bulletin 4 a 5 aus dem Casier judiciaire.
Adresséiert Är Kandidatur mat engem Motivatiounsbréif, Ärem Liewenslaf an enger Kopie vun Ären Diplomer un d'Bëschzwergen
(38, rue du Parc L-3872 Schifflange) oder d’Email Adress: [email protected]
Weider Renseignementer kritt Dir bei de Bëschzwergen ënnert der Nummer (+352) 26 53 04 65 oder ob [email protected]